Demande vu FIFA agereechtReegel fir Eelefmeterschéisse soll nach virun der K.o.-Phas geännert ginn

Jeff Birsens
D'FIFA wëll de Prozess beim Mënzworf virun engem Eelefmeterschéisse méi einfach maachen. Dofir gouf elo kuerzfristeg eng Demande beim International Football Association Board (IFAB) agereecht.
HOUSTON, TEXAS - JUNE 23: Captains Cristiano Ronaldo #7 of Portugal and Eldor Shomurodov #14 of Uzbekistan attend the coin toss before the FIFA World Cup 2026 Group K match between Portugal and Uzbekistan at Houston Stadium on June 23, 2026 in Houston, Texas. Charlotte Wilson/Getty Images/AFP (Photo by Charlotte Wilson / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
Béid Kapitäne Cristiano Ronaldo an Eldor Shomurodov virum Duell Portugal-Usbekistan.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Wéi d'Zeitung "The Times" e Mëttwoch gemellt huet, huet d'FIFA beim International Football Association Board (IFAB) eng Demande fir eng kuerzfristeg Ännerung, nach virum Optakt vun der K.o.-Phas e Sonndeg, agereecht. Dobäi geet et ëm eng Ännerung beim Eelefmeterschéissen.

Bis elo gouf virun engem Eelefmeterschéissen zwee Mol d'Mënz vum Arbitter geheit. Eemol fir ze decidéieren, op wéi ee Gol geschoss gëtt an eng weider Kéier, fir d'Ekipp ze bestëmmen, déi ufänkt. Mat der Reegelännerung soll dat vereinfacht ginn. De Kapitän, deen de Mënzworf wënnt, soll entweder decidéieren dierfen, wéi eng Ekipp ufänkt, oder op wéi ee Gol geschoss gëtt. Deen anere Kapitän dierf dann deen anere Choix treffen, deen iwwreg bleift.

Eng offiziell Stellungnam oder Annonce vun der FIFA gouf et bis elo nach net an och e Beschloss fir déi nei Reegel steet nach aus.

Scho virum Start vun der WM gouf et eng ganz Rëtsch un neie Reegelen

Back to Top
CIM LOGO