E Samschdeg ass de Ball nees an den internationale Futtball-Championnater gerullt. An der Premier League hunn direkt zwou Ekippen aus der Top4 Punkte leie gelooss. Aston Villa ass net iwwert en 1:1 géint Leeds erauskomm an och fir Chelsea gouf et duerch e spéide Géigegol an der 93. Minutt just en 1:1 géint den Zweetleschte Burnley.
An der Serie A bleift Como weider a Kontakt mam Spëtzegrupp, nodeems ee sech auswäerts bei Juventus Turin mat 2:0 duerchsetze konnt. An der Tabell steet een elo op der 6. Plaz just nach ee Punkt hannert der Bianconeri an zwee Punkten hannert enger Champions-League-Plaz. Juventus steet dogéint nom Out an der Coppa Italia an der batterer 2:5-Defaite géint Galatasaray an der Champions League an enger richteger Kris.
Fir Real Madrid gouf et a Spuenien dann e Réckschlag. De frëschen Tabelleleader huet sech duerch e Géigegol an der 90. Minutt nach mat 1:2 géint Osasuna misse geschloe ginn. Den FC Barcelona kann domat e Sonndeg mat dräi Punkten nees un der Spëtzt gläichzéien.
An der Bundesliga huet sech den FC Bayern wichteg dräi Punkte géint Frankfurt geholl an owes gouf et fir Dortmund eng 1:2-Defaite zu Leipzig, sou datt de Virsprong vun de Münchener nees bei néng Punkte läit. Den Artikel fannt Dir hei.
Aston Villa - Leeds 1:1
0:1 Stach (31'), 1:1 Abraham (88')
Aston Villa huet sech duerch ee spéide Gol op d’mannst nach ee Punkt géint Leeds United geséchert. No enger gudder hallwer Stonn waren d’Gäscht duerch ee Gol vum Anton Stach a Féierung gaangen. Zwar hat Villa déi eng oder aner Chance, huet awer misse bis an déi 88. Minutt era waarden, éier den Tammy Abraham ausgläiche konnt.
Chelsea - Burnley 1:1
1:0 Joao Pedro, 1:1 Flemming (90+3')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Juventus - Como 0:2
0:1 Vojvoda (11'), 0:2 Caqueret (61')
Como bleift duerch en 2:0-Succès auswäerts bei Juventus weider um Spëtzegrupp drun, wärend Juventus elo schonn zanter fënnef Matcher net méi gewonnen an dobäi 15 Géigegoler kasséiert huet. Och op dësem Samschdeg war d’Loft eraus bei der Bianconeri, déi virun den eegene Spectateure schonn no eelef Minutten a Réckstand louch. D’Lokalekipp huet an der éischter Hallschent kee gutt Bild vu sech ofginn a gouf no 45 Minutte scho mat engem grousse Päif-Concert an d’Paus geschéckt. Como huet och nom Säitewiessel net nogelooss a konnt no enger gudder Stonn duerch de Maxence Caqueret verdéngt op 2:0 erhéijen an déi dräi Punkten iwwer d’Zäit bréngen.
Lecce - Inter Mailand 0:2
0:1 Mkhitaryan (75'), 0:2 Akanji (82')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Lens - Monaco 2:3
1:0 Edouard (3'), 2:0 Thauvin (56'), 2:1 Balogun (62'), 2:2 Zakaria (70'), 2:3 Ansu Fati (72')
Toulouse - FC Paris (19.00 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Betis - Rayo 1:1
1:0 Bakambu (16'), 1:1 Isi (42')
Osasuna - Real Madrid 2:1
1:0 Budimir (38'), 1:1 Vinicius Jr, 2:1 Raul (90')
Real Madrid ass um 25. Spilldag bei Osasuna net iwwert en 1:1-Remis eraus komm. D’Lokalekipp war mat vill Elan an d’Partie gestart an huet sech de Féierungsgol duerch den Ante Budimir an der 38. Minutt verdéngt. De kroatesche Stiermer war am Strofraum vum Thibaut Courtous zum Fale bruecht ginn a krut wéinst enger vermuttlecher Schwalb fir d’éischt déi Giel Kaart gewisen. Nom Asaz vum Videoarbitter gouf dës Decisioun awer revidéiert an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. No der Paus huet Real dann e Gank zougeluecht a krut dann och am Numm vum Vinicius Jr den 1:1 geschoss. Dat lescht Wuert sollt fir déi grouss Iwwerraschung awer d’Lokalekipp hunn, där an der 90. Minutt dann nach den decisiven 2:1duerch de Raul gelénge sollt.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga