An Däitschland gouf um Sonndeg den Owend dann och nach d’Halleffinall am DFB Pokal ausgeloust. Hei kritt et Bayer Leverkusen mam Däitsche Meeschter Bayern München ze dinn. An der zweeter Halleffinall spillt Stuttgart doheem géint Freiburg. D’Matcher sinn fir den 21. An 22 Abrëll programméiert.
Um Sonndeg waren och e puer Lëtzebuerger Futtballer am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
SC Freiburg - Borussia Mönchengladbach 2:1
1:0 Ginter (38'), 2:0 Matanovic (74'), 2:1 Tabakovic (85')
Freiburg klappt Gladbach mat 2:1 a séchert sech domat wichteg 3 Punkten am Kampf em déi europäesch Plazen. Gladbach dogéint huet säit 7 Matcher net mei gewonnen a rutscht a der Tabell weider no ënnen. A kengem héichklassegem Match hat Freiburg méi Spillundeeler, an huet et nom 2:0 vum Matanovic an der Suite vum Match verpasst fir d’Virentscheedung ze suergen. Gladbach ass sou duerch den Tabakovic nach eng Kéier eru komm, zu engem Gläichspill sollt et awer net mei duergoen.
FC St. Pauli - Werder Bremen (17h30)
FC Heidenheim - VFB Stuttgart (19h30)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Nottingham Forest - FC Liverpool 0:1
0:1 Mac Allister (90+7')
Nottingahm, op der 17. Plaz an der Tabell, huet Liverpool iwwer 90 Minutte méi wéi nëmme Paroli gebueden, war deelweis souguer déi besser Ekipp an hätt mat Sécherheet zumindest ee Punkt verdéngt gehat. Eenzeg virum Gol war d’Lokalekipp net effizient genuch, a konnt aus deene sëllege gudde Chancë kee Profit eraus zéien. An der 7. Minutt vun der Nospillzäit huet de Mac Allister dach nach de Gol vum Dag konnte markéieren. Glécklech 3 Punkte fir d’Ekipp vum Arne Slot. Liverpool huet elo 45 Punkten um Konto a steet op der 6. Plaz an der Tabell iwwerdeems Nottingham weider am Tabellekeller bleift.
Crystal Palace - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Guessand (90'+1)
Tottenham Hotspur - FC Arsenal (17h30)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Atalanta Bergamo - SSC Neapel 2:1
0:1 Beukema (18'), 1:1 Pasalic (61'), 2:1 Samardzic (81')
AC Mailand - Parma Calcio (18h00)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
AJ Auxerre - Stade Rennes 0:3
0:1 Camara (20'), 0:2 Lepaul (22'), 0:3 Camara (45')
SCO Angers - OSC Lille (17h15)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
FC Barcelona - UD Levante 3:0
1:0 Bernal (4'), 2:0 de Jong (32'), 3:0 Fermin (81')
Nodeems Real Madrid e Samschdeg mat 1:2 géint Osasuna verluer huet, huet Barcelona seng Chance e Sonndeg genotzt a steet no der 3:0-Victoire géint Levante nees op der 1. Plaz an der Tabell. D’Katalane hunn elo 1 Punkt Virsprong op déi Kinneklech. Atletico Madrid steet mat 13 Punkte Réckstand op Barcelona op der drëtter Plaz. Barcelona huet Levante zu kengem Zäitpunkt an de Match komme gelooss a gewënnt deemno ouni gréisser Problemer mat 3:0.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga