Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaura Miller mat Virlag bei 5:1-Victoire vun Nürnberg géint Jena

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg waren op en Neits eng Rei Lëtzebuerger Futtballerinnen a Futtballer an den auslännesche Championnater am Asaz.
© Foto von BJORN LARSSON ROSVALL / TT NEWS AGENCY / TT NEWS AGENCY VIA AFP

E Samschdeg de Mëtteg huet d’Laura Miller an der Damme-Bundesliga mam 1. FC Nürnberg däitlech mat 5:1 géint den FC Carl-Zeiss Jena gewonnen. D’Lëtzebuergerin konnt dobäi de Gol fir den tëschenzäitlechen 2:0 virbereeden. An der 69. Minutt ass si da beim Stand vu 4:0 ausgewiesselt ginn. An der Tabell distanzéiert sech Nürnberg duerch dëse Succès nees op elo aacht Punkten op eng Ofstigsplaz.

Fir de Grazer AK an de Mathias Olesen gouf et eng 0:1-Defaite beim TSV Hartberg. De Lëtzebuerger Mëttelfeldspiller stoung dobäi de ganze Matcher iwwer um Terrain. An der Tabell steet ee weider op der zweetleschter Plaz, sou datt et héchstwarscheinlech an d’Ofstig-Playoffs goe wäert.

An der italieenescher Serie B huet den FC Venedeg sech mat 3:2 géint Pescara duerchgesat a bleift domat weider Tabelleleader. De Seid Korac huet d’Victoire vu senger Ekipp vun der Bänk aus gesinn.

Benfica huet seng Aufgab erfëllt an um 23. Spilldag vun der Liga Portugal mat 3:0 géint AVS gewonnen. De Leandro Barreiro krut nom Optrëtt géint Real Madrid an der Champions League op dësem Dag eng Auszäit. Hie souz de ganze Match op der Bänk.

D’Resultater aus der Liga Portugal.

Back to Top
CIM LOGO