Futtball-Championnat: BGL LigueJeunesse dréint de Match a wënnt duerch e spéide Gol géint de Racing

Jeff Birsens
E Samschdeg den Owend war an der BGL Ligue den Optakt vum 18. Spilldag.
© Laurent Mei

E Samschdeg den Owend huet sech d’Jeunesse fir den Optakt vum 18. Spilldag an der BGL Ligue mat 3:2 géint de Racing duerchgesat.

D’Gäscht vum Racing ware besser an de Match gestart an hunn d’Ufanksminutte bestëmmt. Grad dann, wéi och déi Escher besser era fonnt haten, huet de Racing zougeschloen. De Farid Ikene war et, deen no engem Schoss op d’Lat op der richteger Plaz stoung, fir de Ball hannert d’Linn ze drécken. Bis zur Paus war et weider een animéierte Match mat enger Rei Chancen op béide Säiten.

Nom Säitewiessel sollt sech dann och d’Jeunesse fir hir Efforte belount kréien. An der 72. Minutt war et de Fernandes Andrade, deen no engem Zouspill vum Teixeira op 1:1 ausgläiche konnt. Knapp fënnef Minutte méi spéit ass de Gaascht dann eng zweete Kéier a Féierung gaangen, dës Kéier duerch de Lohan Dewalque. Wéi et awer zum Spillverlaf gepasst huet, konnten déi Escher just dräi Minutte méi spéit duerch de Liam Nürenberg op en Neits ausgläichen. Domat sollt d’Saach awer nach net giess sinn. An der 90. Minutt war et dann nees de Liam Nürenberg, dee mat sengem Schoss an de rietsen Eck op den decisiven 3:2 gesat huet.

E Sonndeg ginn dann déi weider siwe Partië vum 18. Spilldag wéi gewinnt um 16.00 Auer ugepaff.

Den Detail vum Match kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Jeunesse - Racing 1:1
0:1 Ikene (31'), 1:1 Fernandes Andrade (72')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO