Clinique du droitDroit-Studente léieren, Konsumenten ze beroden

Lynn Cruchten
D'Clinique du droit gëtt et zënter 2016 op der Uni Lëtzebuerg. Zanterhir goufe bal 260 reell Demandë, also Sträitfäll am Kontext Konsumenterecht, gratis behandelt.
Droit-Studente léiere, Konsumenten ze beroden
D'Clinique du droit gëtt et zënter 2016 op der Uni Lëtzebuerg. Zanterhir goufe bal 260 reell Demandë, also Sträitfäll am Kontext Konsumenterecht, gratis behande

Op der Uni Lëtzebuerg kënnen Droit-Studenten hiert theoreetescht Wëssen an der Praxis uwenden. An der sougenannter "Clinique du droit" hëllefe si Konsumenten, déi e Litige mat enger Entreprise hunn.

Ier si mat richtege Fäll konfrontéiert ginn, musse si sech awer op dës Aufgab virbereeden. Berodungsgespréicher ginn deemno op Basis vu reelle Fäll aus der Vergaangenheet simuléiert.

Bei der Übung, déi RTL konnt filmen, goung et ëm en Occasiounsauto, an eng Rechnung, mat där d'Cliente net averstane war. Zwee Studenten, déi an hirem zweete Joer Masterstudium sinn, hu missen erausfannen, wéi si d'Cliente am beschte berode kënnen. Dës gouf vun enger Actrice gespillt, déi et de Studenten net ëmmer einfach gemaach huet.

Nieft dem juristesche Wëssen ass et bei sou engem Gespréich och wichteg, wéi ee sech verhält, richteg nozelauschteren, déi passend Froen ze stellen an d'Gespréich am Grëff ze behalen. Eng Affekotin a Proffe vun der Uni Lëtzebuerg kucke beim Entretien no a ginn duerno Feedback.

D'Studenten analyséieren déi reell Dossieren a ginn de Betraffenen Informatiounen iwwer hir Rechter. Och dobäi gi si awer vu Proffe begleet. Selwer géint eng Entreprise virgoen oder Bréiwer un dës verschécken, gehéiert net zu den Aufgabe vun de Studenten.

Ween interesséiert ass, e perséinleche Sträitfall mat enger Entreprise analyséieren ze loossen, ka säin Dossier online bei der Clinique du droit erreechen.

Back to Top
CIM LOGO