No nëmme 36 MatcherLuc Holtz a Waldhof Mannheim gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
D'Kapitel Luc Holtz a Waldhof Mannheim ass schonn nees eriwwer. No 36 Matcher wäert de Kontrakt mam fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer opgeléist ginn.
© AFP

De Luc Holtz hält als Trainer vu Waldhof Mannheim op. No der 3:0-Victoire am Landespokal géint de Rival VfR Mannheim huet de 56 Joer ale Lëtzebuerger am Interview mam SWR Sport matgedeelt, datt hien de Kontrakt mam Veräin aus der 3. Liga opléise wäert.

Spekuléiert gëtt, datt de Luc Holtz Trainer beim FC Metz, deen dës Saison aus der franséischer Ligue 1 ofgestigen ass, soll ginn. Op dës Fro wollt de Luc Holtz am Interview mam SWR awer keng konkret Äntwert ginn. Dat géing am Raum stoen, hie wäert op alle Fall säi Kontrakt opléisen an da wäert ee gesinn, wat déi nächst Deeg géif passéieren, sou de Luc Holtz.

De Luc Holtz huet am Interview nach vun "turbulenten Deeg" zu Mannheim geschwat, déi ganz emotional gewiescht wieren. D'Coupefinall wier de wichtegste Match fir de Veräin gewiescht an dat hätt ee gutt hikritt. Nieft dem Luc Holtz wäerten och nach eng Partie Spiller de Veräin verloossen, och dat huet de fréiere Lëtzebuerger Nationaltrainer nach bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO