Aus der Regionalliga an déi 2. BundesligaBen Schmit ënnerschreift éischte Profikontrakt bei Holstein Kiel

RTL Lëtzebuerg
Den 18 Joer ale Lëtzebuerger Golkipp wiesselt vun Eintracht Trier bei den däitschen Zweetligist Holstein Kiel.
© Internetsite Holstein Kiel

Wéi den däitschen Zweetligist Holstein Kiel e Freideg matgedeelt huet, wiesselt de Ben Schmit vun Eintracht Trier bei d'"Störche". Dem 18 Joer ale Lëtzebuerger Golkipp säin éischte Profikontrakt leeft do bis 2030.

De Ben Schmit war fir d'lescht scho fir d'Lëtzebuerger U19- an och U21-Nationalekipp am Asaz. An der Jugend huet hie gréisstendeels an der Akademie vum FC Metz gespillt, éier et dann 2025 op Tréier gaangen ass. Do war hien an der aktueller Saison an der Regionalliga Südwest zwee Mol kuerz an den Asaz komm.

Back to Top
CIM LOGO