
Et gouf well driwwer spekuléiert a geschwat, mee lo ass et offiziell. De Manuel Neuer huet säin zweete Récktrëtt aus der däitscher Futtballnationalekipp annoncéiert, dat 2 Joer no sengem éischten no der Europameeschterschaft am eegene Land. Réischt virun engem Mount hat den däitschen Nationaltrainer Julian Nagelsmann de 40 Joer ale Golkipp zur senger Nummer 1 gemaach. Mee och de Weltmeeschter vun 2014 konnt d'Eliminatioun géint Paraguay am Eelefmeterschéissen net verhënneren.
De Manuel Neuer stoung insgesamt 128 Mol fir Däitschland um Terrain, déi éischte Kéier am Joer 2009. Op der WM an den USA, Kanada a Mexiko huet de fréiere 5-fache Weltgolkipp en Negativrekord opgestallt. A senge leschten 10 WM-Matcher huet den eelsten Nationalspiller an der Geschicht vum DFB ni zu null gespillt. Déi lescht Partie ouni Géigegol war d'WM-Finall 2014.