Nieft dem Mario MutschOch de Yannick Kakoko gëtt Co-Trainer vum Luc Holtz beim FC Metz

Sam Rickal
De franséischen Zweetligist huet en Dënschdeg säi ganzen Trainerstaff virgestallt. Mat dobäi och ënner anerem de fréieren Déifferdenger Trainer Yannick Kakoko.
Viru ronn engem Mount stoung de Yannick Kakoko nach beim FC Déifferdeng 03 an der Responsabilitéit.
© Val Wagner

Ronn 1 Mount nodeems säin Depart vum FC Déifferdeng 03 offiziell gouf, huet de Yannick Kakoko en neien Challenge fonnt. De 36 Joer alen Däitsche gëtt beim FC Metz zweete Co-Trainer vum Luc Holtz. Dat hunn d'"Grenats" en Dënschdeg offiziell annoncéiert. De Yannick Kakoko war als Spiller schonn tëscht 2004 an 2006 beim FC Metz an der Jugend aktiv.

De fréieren Trainer vum FC Déifferdeng 03, dem Stater Racing an der Union Titus Péiteng ass nieft dem Mario Mutsch e weidert bekannt Gesiicht am Staff vum Luc Holtz beim FC Metz.

Back to Top
CIM LOGO