
Den 10-fache Lëtzebuerger Nationalspiller Eric Veiga ass zeréck am Grand-Duché, do wou hien ënner anerem an der Vergaangenheet fir d'Jugend vum Stater Racing gespillt huet. Iwwer de Nowuess-Beräich vu Leverkusen a Braunschweig goung dem 29 Joer alen Defenseur säi Wee bei Vilafranquense an déi zweet portugisesch Divisioun. Duerno huet hie beim AVS Futebol 1. Liga a Portugal gespillt. Fir d'lescht stoung den Eric Veiga bei Flamurtari FC an Albanien ënner Kontrakt.
Mat ënner anerem dem Golkipp Geordan Dupire vun Hesper an dem Diogo Pimentel vu Stroossen ass den Eric Veiga den drëtte prominente Transfert vu Biissen dëse Summer.