Fans a Responsabeler sichen no Erklärungen"Ze wéineg Italieener spillen an der Serie A", kritiséiert den Ex-President vun der Federatioun

RTL mat AFP
Et ass déi drëtte Kéier hannerteneen, datt Italien sech net fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiert huet. Dëst suergt fir Frust bei Fans a Froe bei de Responsabelen.
Italien spillt kuerz virum WM-Optakt e Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg.
© Val Wagner

Italien ass déi eenzeg grouss Futtballnatioun, déi net op der aktueller Weltmeeschterschaft vertrueden ass. D'Begeeschterung fir dëst grousst Futtballevent huet doduerch däitlech gelidden. A wann d'Italieener dann awer d'Matcher kucken, esou feelt ganz dacks déi bekannt Leidenschaft. Et ass schonn déi drëtte Kéier um Stéck, datt d'Nazionale net dobäi ass. An déi Verantwortlech, d'Fans a quasi dat ganzt Land sichen no Ursaachen, wéi et esouwäit komme konnt.

Fanprotester viru Federatiounsmeeting

E Mëttwoch de Moie gouf an engem Luxushotel bei Roum den neie President vun der FIGC, der italieenescher Futtballfederatioun, gewielt. Eng 30 Ultraen, alleguer schwaarz gekleet, hate sech virun den Diere versammelt, fir hire Frust auszedrécken. Si haten e grousst Transparent dobäi, op deem "Fir e fairen a populäre Futtball" ze liese war.

Och déi waarm Temperaturen hu si net opgehalen, ze manifestéieren an ze jäizen. "Et ass déi drëtte Kéier um Stéck, datt eng WM ouni Italien gespillt gëtt. Dat konnt ee sech an den 1990er net virstellen. Deemools hate mir Spiller, déi op der ganzer Welt gefaart goufen", huet hire Leader geruff. Hie mécht d'Federatioun fir dëse Mëssstand verantwortlech. "D'Federatioun muss zouginn, datt si dëse Fiasko ze veräntweren hunn. D'Spiller an d'Leedung këmmere sech just ëm d'Suen", esou d'Kritik. No dëser Annonce huet hien déi aner Ultraen opgefuerdert, d'Plaz ze verloossen. Mat de Journalisten, déi och present waren, wollt kee schwätzen.

Ongeféier zu der selwechter Zäit huet de Gabriele Gravina, deen zanter 2018 de President vun der FIGC war, seng Abschidsried gehalen. No der Defaite am Eelefmeterschéisse géint Bosnien-Herzegowina zu Zenica den 31. Mäerz, duerch déi Italien sech nees net fir d'WM an Nordamerika qualifizéiere konnt, hat hie seng Demissioun agereecht. Schonn 2018 an 2022 war d'Nazionale net um gréisste Futtballsturnéier vertruede gewiescht.

Wéineg Italieener spillen an der Serie A

Fir de Gravina ass d'Erklärung einfach an déi selwecht, déi hie schonn 2024 ginn hat, nodeem Italien op der Europameeschterschaft an der Aachtelsfinall eliminéiert gi war. Et ginn ze wéineg italieenesch Spiller an de Veräiner vun der Serie A. "Vun 284 registréierte Spiller dës Saison waren nëmmen 89 Italieener, dorënner 10 Golkipper. D'Unzuel u Feldspiller, déi fir d'Nationalekipp kënne beruff ginn, läit also bei ënner 80," huet hie bedauert.

Och d'Aarbecht vun der Federatioun huet hie kritiséiert a säin eegene Bilan aus de leschten 8 Joer huet hien a Fro gestallt. "Den italieenesche Futtball ass an enger kultureller Identitéitskris, nach méi wéi an enger wirtschaftlecher. Mir hunn eis am Timing vun eisem Choix getäuscht", huet de Gravina zouginn.

Kritik gouf et dann awer och a Richtung Politik, déi wuel der Filmbranche Steiervirdeeler agestanen hätt, dem Futtball goufen déi awer verweigert. Och, datt ze wéineg an d'Moderniséiere vun de Stadie géif investéiert ginn, huet hien der Regierung reprochéiert. Déi italieenesch Stadie gehéieren zu den eelsten an Europa. Da géifen dem Futtball awer och Recetten aus Partnerschaften an de Sportswetten feelen.

Nei Erausfuerderunge fir de Malago

Mat 68 Prozent vun de Stëmme gouf den Giovanni Malago un d'Spëtzt vun der Federatioun gewielt. Op hie waarden elo e sëllegen Erausfuerderungen. Hie muss en neien Nationaltrainer designéieren. Et wier schonn dee fënneften zanter 2023. Als méiglech Kandidate ginn den Antonio Conte oder de Roberto Mancini gehandelt. Am wichtegsten ass awer, déi Verbindung tëscht den Italieener an der Nationalekipp nees hierzestellen.

Bis ewell huet d'Nazionale véier Weltmeeschter- an zwee Europameeschtertitelen am Palmarès stoen. Ma zanter dem WM-Titel 2006 huet déi italieenesch Nationalekipp kee K.O.-Match bei enger WM méi gespillt.

"Gitt mir de Futtball zeréck, wéi e fréier war"

De Supporter Andrea Garelle, e grousse Fan vum AS Roum, huet an engem Interview zouginn, datt sech villes verännert huet. "Ech sinn net méi verléift an d'Nazionale a generell an iwwerhaapt an de Futtball. Fréier hate mir op all Plaz e Spiller op Weltklassniveau," esou de 56 Joer alen Handwierker. "Haut ass guer kee méi do, deen deen Niveau huet."

Enger Ëmfro no, déi Ufank Juni vun SWG publizéiert gouf, gehéiert den Andrea Garelle zu den 19 Prozent vun den Italieener, déi d'Weltmeeschterschaft net kucken. "Ech kucke keen eenzege Match a sinn och nach houfreg drop. Et ass mir egal, ob Argentinien, Spuenien oder Frankräich d'Finall gewënnt. Ech interesséiere mech och net fir d'Resultater vun Partië wéi Usbekistan géint Portugal oder Haiti géint Marokko. Et gëtt ze vill Matcher, ze vill Suen, et gëtt vun allem ze vill. Gitt mer de Futtball zeréck, wéi e fréier war", fuerdert hien.

D'Zuele vun der Rai, déi all Dag just een eenzege WM-Match weisen, weisen awer, datt net all d'Italieener d'WM an den USA, Kanada a Mexiko ignoréieren. Beim 0:0 tëscht England a Ghana souzen 3,8 Millioune Leit virun der Tëlee, wat e Maartundeel vu knapp 29 Prozent bedeit. Vergläicht een dat awer mat der EM-Finall vun 2021, bei där Italien den Titel géint England gewonnen hat, sinn dat ganz wéineg Leit. Deemools haten 18 Millioune Leit d'Partie op der Tëlee suivéiert, wat engem Maartundeel vu bal 74 Prozent gläichkomm war.

Back to Top
CIM LOGO