Futtball-WM: Bilan vum 2. SpilldagButeuren an Toppform, Portugal a Spuenien erwächen, d'Tierkei seet Äddi

Jeff Birsens
Nom zweete Spilldag vun der Futtball-WM 2026 sinn elo och d'Favoritte Portugal a Spuenien am Turnéier ukomm. Fir d'Tierkei ass d'Rees dogéint schonn eriwwer.
TOPSHOT - Norway's forward #09 Erling Braut Haaland celebrates scoring his team's second goal during the 2026 World Cup Group I football match between Norway and Senegal at the New York/New Jersey Stadium in East Rutherford on June 22, 2026.
Den Erling Haaland no sengem zweete Gol géint Senegal.
© AFP

Den 2. Spilldag vun der Futtball-WM ass eriwwer an dobäi ass et schonn zu den éischten Decisioune komm. Sécher an der K.o.-Phas, déi fir déi éischte Kéier mat de 1/16-Finalle starte wäert, sti Mexiko, d'USA, Däitschland, Frankräich, Norwegen, Argentinien a Kolumbien, mat jeeweils sechs Punkten.

Erwächt sinn dann och d'Favoritte Spuenien a Portugal. Nom 0:0, wou ee sech géint den Aussesäiter Cap Vert d'Zänn ausgebass hat, ass fir d'Spuenier am Duell géint Saudi Arabien de Knuet mat enger souveräner 4:0-Victoire geplatzt. Fir Portugal gouf et nom schwaachen 2:2 géint de Kongo e 5:0-Gol-Festival géint Usbekistan, bei deem de Cristiano Ronaldo direkt zweemol markéiere konnt an domat och op senger 6. WM getraff huet.

Fréizäiteg eriwwer ass d'WM da scho fir fënnef Natiounen. Wärend dat bei Haiti, Jordanien a Panama vläicht scho viraus ze gesi war, huet den Out vun der Tierkei fir déi wuel gréissten Iwwerraschung gesuergt. Nom schlechte Start mat engem 0:2 géint Australien, huet een och géint Paraguay, trotz Iwwerzuel an 32 Golschëss, um Enn mat 0:1 de Kierzere gezunn, woumat e Sprong op déi 3. Plaz um leschte Spilldag wéinst dem direkte Vergläich net méi méiglech ass. Enttäuscht huet dann e bëssen iwwerraschend och Tunesien, dat sech bannent den éischten zwee Matcher aacht Géigegoler gefaangen huet a mat 0 Punkte schonn de Reesticket fir heem buche kann.

Verlooss ass op dëser WM ouni Zweiwel op d'Buteure vun de jeeweilegen Topp-Natiounen. Nom Hattrick um éischte Spilldag konnt de Lionel Messi och géint Éisträich zwee Mol treffen. Mat jeeweils 2x2 Goler stinn direkt hannendrun de Kylian Mbappé an och den Erling Haaland fir Norwegen op der Lëscht vun de Buteuren. Déi meescht Scorer-Punkten huet dann och den Deniz Undav, deen Däitschland mat sengen zwee Goler no Awiesslung géint d'Côte d'Ivoire déi 1. Plaz séchere konnt an elo scho 5 Scorer-Punkten (3 Goler + 2 Virlagen) gesammelt huet.

Mat ville Buteuren an Toppform kann ee sech also op den drëtte Spilldag freeën, op deem nach vill Natioune fir en Ticket oder och fir eng gutt Ausgangslag an der K.o-Phas kämpfe wäerten. Den Optakt ass e Mëttwoch den Owend mat de Partië Schwäiz-Kanada a Bosnien-Katar am Grupp B, déi zäitgläich ëm 21:00 Auer ugepaff wäerte ginn.

De Bilan vum 1. Spilldag

Back to Top
CIM LOGO