
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Manchester City - Salford City 2:0
1:0 Dorrington (6', Eegegol), 2:0 Guéhi (81')
Manchester City ass am FA Cup eng Ronn weider. Am Match géint Salford, eng Ekipp aus der véierter Liga, hu sech d’Skyblues laang schwéier gedoen. Dat huet sech och am Resultat erëmgespigelt. Nom fréien Eegegol hat ee gemengt, de Match géif séier zu Gonschte vu Manchester verlafen, mee Salford huet der Ekipp vum Trainer Pep Guardiola alles ofverlaangt. D’Entscheedung sollt eréischt an der Schlussphas falen, wéi de Guéhi den zweete Gol markéiere konnt.
Aston Villa - Newcastle (18.45 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Como - Florenz 1:2
0:1 Fagioli (26'), 0:2 Kean (54', Eelefmeter), 1:2 Parisi (77', Eegegol)
Den AC Florenz huet sech mat der Victoire géint den Tabellesechste Como nei Hoffnung am Kampf géint den Ofstig gemaach. No dräi Matcher ouni Victoire koum dës Victoire der Fiorentina ganz geleeën, si steet awer weiderhin op enger Ofstigsplaz. Dat géif aktuell de véierten Ofstig an der Veräinsgeschicht an den éischten no iwwer 20 Joer Participatioun an der Serie A bedeiten. Como huet wichteg Punkten am Kampf ëm d’europäesch Plaze leie gelooss.
Lazio Roum - Bergamo (18.00 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Marseille - Stroossbuerg 2:2
1:0 Greenwood (14'), 2:0 Gouiri (47'), 2:1 Nanasi (74'), 2:2 Panichelli (90'+6)
Nom 0:5 géint de PSG um leschte Spilldag an der Entloossung vum Trainer Roberto De Zerbi haten d’Marseiller Spiller eppes guttzemaachen. Géint de Racing Stroossbuerg ware si laang um gudde Wee, musse sech um Enn awer mat engem Gläichspill zefridde ginn. De Match war vum Ewechbleiwe vun de Marseiller Ultras gepräägt, firwat vill Plazen am Stadion eidel blouwen. An déi Fans, déi do waren, hunn hir Ekipp ausgepaff. Mat dësen Aktioune wollte si hiren Onmutt géint d’Veräinsféierung ausdrécken. Mam De Zerbi war de sechsten Trainer beim OM zënter 2021 entlooss ginn.
Lille - Brest (19.00 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga