
Réischt ee Match ass am zweeten Tour vum Championnat gespillt a schonn huet den éischten Trainer seng Wallis misse packen. De Mehdi El Alaoui ass net méi Trainer zu Rodange, donieft och net méi seng Co-Traineren Naoufal Behkane a Brice Baillet. Grond dofir wier déi ënnerschiddlech Opfaassung, wéi sech Club an Zukunft orientéieren a sportlech fonctionéiere soll. Dat huet de Veräin en Dënschdeg an engem Communiqué matgedeelt. Dës Decisioun hu béid Säiten “d’un commun accord” geholl.
De Mehdi El Alaoui souz zanter Oktober 2024 zu Rodange op der Trainerbänk. Virdrun war hien ënner anerem zu Hesper an zu Diddeleng als Co-Trainer vum Carlos Fangueiro aktiv.
No 16 Spilldeeg steet Rodange mat 14 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell. Um éischte Spilldag vun der Réckronn huet Rodange 1:2 doheem géint Hueschtert verluer.
Dem Mehdi El Alaoui säi Successeur gouf nach net annoncéiert.