
An der Bundesliga huet Dortmund zu Wolfsburg gewonnen. St. Pauli konnt mam Danel Sinani Stuttgart mat 2:0 klappen.
Manchester United - Tottenham 2:0
1:0 Mbeumo (38'), 2:0 Fernandes (81')
Manchester United huet de groussen Deel vum Match an Iwwerzuel gespillt an de 4. Succès hannertenee gefeiert. Bei de Gäscht gouf de Romero no ronn enger hallwer Stonn wéinst engem béise Feeler um Casemiro vum Terrain gesat. An der Suite war d’Heemekipp déi dominant Ekipp an huet sech verdéngt mat 2:0 duerchgesat. Ee Gol virum Téi vum Mbeumo an een nom Téi vum Fernandes sinn de Red Devils duergaangen, fir déi 3 Punkten doheem ze halen.
Arsenal - Sunderland 3:0
1:0 Zubimendi (42'), 2:0 Gyökeres (66'), 3:0 Gyökeres (90+3')
No engem engagéierten Ufank vu Sunderland ass Arsenal ëmmer besser an d’Partie komm. De verdéngten 1:0 konnt de Zubimendi kuerz virun der Paus markéieren. Nom Säitewiessel hunn d’Gunners den Tempo héich gehalen. Nom 2:0 duerch de Gyökeres an der 66. Minutt war d’Partie entscheet. De selwechte Spiller huet an der Nospillzäit nach op 3:0 erhéicht. Arsenal baut d’Avance un der Tabellespëtzt op 9 Punkten aus, ManCity huet awer ee Match manner um Kont.
Wolverhampton - Chelsea 1:3
0:1 Palmer (13', Eelefmeter), 0:2 Palmer (35', Eelefmeter), 0:3 Palmer (38'), 1:3 Arokodare (55')
De Mann vun der Partie Cole Palmer huet de Match schonns an den éischte 45 Minutten entscheet. Tëscht der 13. an der 38. Minutt konnt hien de Ball dräimol am Gol ënnerbréngen. Den Tabelleleschte Wolverhampton konnt no der Paus duerch den Arokodare op 1:3 verkierzen, méi war net dran. Chelsea steet no der Victoire op der 5. Plaz an der Tabell an huet weiderhin ee Punkt Retard op ManU.
Newcastle - Brentford (18:30 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Genua - Neapel (18 Auer)
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Barcelona - Mallorca 3:0
1:0 Lewandowski (29'), 2:0 Yamal (61'), 3:0 Bernal (83')
Barcelona ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech doheem verdéngt mat x:x géint Mallorca behaapt. De Lewandowski hat seng Faarwen a Féierung bruecht, de Yamal konnt mam 2:0 no der Paus fir d’Virentscheedung suergen. De Bernal huet mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt. An der Tabell bleift d’Ekipp vum Hansi Flick op der 1. Plaz.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga