Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDanel Sinani mat Gol bei Succès vu St. Pauli géint Stuttgart

Ted Koob
De Mëttelfeldspiller huet mat engem Eelefmeter den 2. Gol fir seng Faarwe markéiert.
© IBRAHIM OT/AFP

An der 1. Bundesliga gouf et e wichtegen 2:1-Succès fir St. Pauli géint Stuttgart. Den Danel Sinani stoung vun Ufank un um Terrain. De Mëttelfeldspiller huet de Ball beim 1:0 schéi fir säin Teamkolleeg Saliakas duerchgelooss an huet den 2:0 mat engem Eelefmeter selwer markéiert.

An der Serie B konnt Venedeg eng 2:1-Victoire beim Tabellenzweete Frosinone feieren. De Seid Korac koum net an den Asaz, seng Ekipp huet d’Avance un der Tabellespëtzt op 4 Punkten ausgebaut.

An der Eredivisie huet Heracles Almelo zu Nijmegen 1:4 verluer. Den Yvandro Borges souz de ganze Match op der Bänk.

A Saudi-Arabien stoung den Anthony Moris beim 1:1-Remis vun Al Khaleej bei Al-Taawon déi ganz Partie iwwer tëscht de Pottoen.

An der Schwäiz huet Winterthur 1:1 géint den Tabellenzweete Lugano gespillt. De Marvin Martins stoung net am Kader.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum internationale Futtball.

Freideg

Greuther Fürth huet an der 2. Bundesliga 4:5 géint Magdeburg verluer. Den Aiman Dardari stoung vun Ufank un um Terrain, huet awer onglécklech 37 Minutten erlieft. Do gouf hien nämlech beim Stand vun 1:5 ausgewiesselt. D’Ophueljuegd vu senger Ekipp goung awer net duer. Fürth bleift domadder um Wupp vun der Tabell.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der 3. Liga konnt sech Mannheim 2:1 géint Ulm behaapten. De Vincent Thill gouf vum Luc Holtz an der 77. Minutt agewiesselt.

Bastia konnt sech beim Tabellenzweete vun der Ligue 2 a Frankräich Reims en 0:0-Remis erkämpfen. De Florian Bohnert stoung de ganze Match um Terrain. Bastia bleift um Wupp vun der Tabell an huet den Ament 6 Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz.

An der 1. Divisioun an Holland souz den Enes Mahmutovic bei der 0:2-Defaite vu senger Ekipp NAC Breda géint Excelsior Rotterdam de ganze Match op der Bänk.

Back to Top
CIM LOGO