Werder BremenDaniel Thioune gëtt neien Trainer, Raphael Duarte bleift Co-Trainer

Sam Rickal
De fréieren Trainer vun ënner anerem Fortuna Düsseldorf iwwerhëlt domadder d'Successioun vum Horst Steffen, deen e Sonndeg entlooss gi war. De Raphael Duarte bleift am Trainer-Staff.
Den neien Trainer vu Werder Bremen
© JURGEN FROMME / FIRO SPORTPHOTO / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Den Daniel Thioune soll Werder Bremen nees stabiliséieren. D’Ekipp aus der éischter däitscher Bundesliga steet no 20 Spilldeeg mat 19 Punkten op der 15. Plaz an der Tabell. De Veräin vun der Weser huet zanter 10 Matcher net méi gewonnen. Dofir gouf den Horst Steffen e Sonndeg nom 1:1-Remis doheem géint Borussia Mönchengladbach fräigestallt.

De Steffen hat réischt virun dëser Saison bei Bremen ënnerschriwwen. De Lëtzebuerger Raphael Duarte war mat him als Co-Trainer vun Elversberg an den Norde vun Däitschland gewiesselt. Hie bleift och weiderhin Deel vum Trainerstaff vum Daniel Thioune. E Samschdeg spillt Bremen auswäerts zu Freiburg.

Back to Top
CIM LOGO