BundesligaWichteg Punkte fir St. Pauli an den HSV, Dortmund klappt Wolfsburg

Ted Koob
Um Samschdeg stoung besonnesch den Ofstigskampf am Vierdergrond. 7 vun de leschten 8 Ekippen an der Tabell waren an de Partien am Nomëtteg am Asaz.
© IBRAHIM OT/AFP

Wolfsburg huet sech doheem géint Dortmund mat 1:2 misse geschloe ginn. Et war eng ausgeglachen Ufanksphas, mee d’Gäscht koumen ëmmer besser an d’Partie. De Brandt konnt den 1:0 fir de BVB an der 38. Minutt markéieren. No der Paus huet awer just nach Wolfsburg gespillt. D’Ekipp huet sech eng Rei Geleeënheeten erausgespillt, de Koulierakis huet awer just eng an der 52. Minutt genëtzt. Vum BVB koum net vill, déi Giel-Schwaarz haten awer dat néidegt Gléck op hirer Säit. De Guirassy konnt an der 87. Minutt den entscheedende Gol markéieren. Wolfsburg steet nach iwwer dem Stréch, huet awer genee esou vill Punkte wéi Bremen op der Relegatiounsplaz.

St. Pauli konnt sech 2:1 géint Stuttgart duerchsetzen. Bei der Heemekipp stoung den Danel Sinani op en Neits vun Ufank un um Terrain. D’Ekipp vun Hamburg huet eng engagéiert 1. Hallschent gewisen a goung verdéngt duerch de Saliakas a Féierung. De Sinani hat mat engem intelligente Geste de Ball fir säin Teamkolleeg duerchgelooss. Vu Stuttgart koum virun der Paus net vill. De Sinani konnt sech no der Paus fir seng gutt Leeschtung belounen an huet den 2:0 mat engem Eelefmeter markéiert. D’Gäscht hu réischt duerno an d’Partie fonnt, den Uschlossgol vum Leweling ass awer réischt an der 90. Minutt gefall. Mam Succès verkierzt Pauli de Réckstand op eng Net-Ofstigsplaz op 2 Punkten.

Heidenheim war dem HSV doheem mat 0:2 ënnerleeën. D’Goler fir Hamburg hunn de Königsdörffer an de Philippe markéiert. Fir Heidenheim gesäit et ëmmer méi schlecht aus. No der Néierlag huet ee scho 6 Punkte Réckstand op eng Net-Ofstigsplaz.

Freiburg konnt sech donieft mat 1:0 géint Bremen duerchsetzen. Mainz huet och mat 2:0 géint Augsburg gewonnen.

An der Owespartie spillen ab 18:30 Auer Gladbach a Leverkusen géinteneen.

An den aneren internationale Ligen hunn ë.a. Chelsea, Arsenal a Barcelona Victoirë gefeiert. Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de Matcher vum Samschdeg.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO