Zwou Ekippen, déi an der Réckronn onbedéngt Punkte brauchen, si Mamer a Péiteng. Aktuell stinn déi zwee Veräiner op den direkten Ofstigsplazen. Dofir huet sech den Opsteiger Mamer ënner anerem mam Billal Chibani vum Stater Racing verstäerkt, Péiteng dogéint mam Adham El Idrissi vum FC Déifferdeng 03. Och Hueschtert a Rodange wëllen am zweeten Tour vum Championnat hir Positioun verbesseren. Béid Clibb sti mat 14 Punkten op den Barrageplazen. Genau do wëlle Rouspert a Käerjeng net hin. Zwee Punkte leien aktuell tëscht hinnen an de Barrageplazen.
De Stater Racing peilt an der Réckronn sécherlech e besseren Tour un, wéi an der Hironn. Interessant gëtt natierlech och wéi sech de Swift Hesper am zweeten Tour vum Championnat aus der Affär zitt a wéi et um Holleschbierg mat finanzieller Situatioun weidergeet.
Den Opsteiger Jeunesse Kanech wëll dogéint seng Prestatiounen am zweeten Tour confirméieren. Prominent rekrutéiert huet Nidderkuer. Den Thibaut Vion ass bei de Progrès gewiesselt. Den 32 Joer alen Defenseur gouf 2013 mat der U20 vu Frankräich Europameeschter, dat ënner anerem mat Spiller wéi Pogba, Varane an Umtiti. En interessanten Transfert huet och d’Jeunesse Esch gemaach. De Veräin vum Trainer Reinhold Breu huet sech mam David Jonathans vum FC Bayern München verstäerkt. Den 22 Joer jonke Lëtzebuerger huet och well 3 Matcher fir d’Rout Léiwe gespillt.
Munneref wëll hire gudden éischten Tour an der Réckronn beschtméiglech widderhuelen. An da kommen mir bei déi, déi ëm den Titel wëllen matspillen. Tëscht den Plazen 4 bis 1 leien aktuell 3 Punkten. Op der Pole Positioun steet momentan den Doublé-Gewënner FC Déifferdeng 03. Hannen drun lauere Biissen an d’UNA Stroossen. Den Opsteiger probéiert an der Réckronn ouni de Fine Bop, deen op Wooltz gewiesselt ass, u seng gutt Prestatiounen unzeknäppen. Genau dat wëll och Stroossen. An dann ass do nach Diddeleng. Den F91 muss den Ofgang vum Bilal Benkhedim verkraaften, huet sech dofir awer mam Wilson Kamavuaka vun der Unioun Titus Péiteng verstäerkt.