Den Iwwerbléck vum internationale FuttballReal Madrid wënnt an der Nospillzäit, 3. Victoire hannertenee fir ManUnited

Jeff Birsens
Duerch een Eelefmeter an der 10. Minutt vun der Nospillzäit bleift Real Madrid um Leader Barcelona drun. Och Manchester United huet de Match an der Nospillzäit decidéiert.
Real Madrid's French forward #10 Kylian Mbappe (L) celebrates scoring his team's second goal during the Spanish league football match between Real Madrid CF and Rayo Vallecano at the Santiago Bernabeu stadium in Madrid on February 1, 2026. (Photo by Thomas COEX / AFP)
© AFP

E Sonndeg ass et an den internationale Futtballchampionnater eng Rei spéit Decisioune ginn. A Spuenien huet sech Real Madrid duerch ee spéiden Eelefmeter an der 90+10. Minutt nach mat 2:1 géint Rayo duerchgesat an an England gouf et fir Manchester United duerch ee Gol vum Benjamin Sesko an der 94. Minutt nach déi dräi Punkte géint Fulham. E Réckschlag gouf et dogéint fir den Tabellendrëtten Aston Villa, dee mat 0:1 doheem géint Brentford de Kierzere gezunn huet.

An der däitscher Bundesliga huet sech och Stuttgart dann duerch ee Gol an der 90. Spillminutt nach mat 1:0 géint Freiburg duerchgesat. A Frankräich konnt Lyon sech donieft am direkten Duell géint Lille mat 1:0 behaapten.

Bundesliga

Stuttgart - Freiburg 1:0
1:0 Demirovic (90')

Stuttgart huet sech duerch ee spéide Gol déi dräi Punkten am Duell géint Freiburg geséchert a klëmmt domat op déi 4. Tabelleplaz. D’Haushären haten an der éischter Hallschent méi de Ball a sinn och zu méi Golchancë komm. D’Freiburger hu sech dogéint op eng gutt Defensiv konzentréiert an op Konterchancë gewaart. Och nom Säitewiessel huet sech um Score laang näischt geännert an och Golchancë sinn ëmmer méi seele ginn. Ouni Gol sollt de Match dann awer net op en Enn goen. An der 90. Minutt war et den Ermedin Demirovic, deen de Ball mat engem Schoss an de Wénkel eragesat a Stuttgart déi dräi Punkte gewonnen huet.

Dortmund - Heidenheim (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - Brentford 0:1
0:1 Ouattara (45+1')

Manchester United - Fulham 3:2
1:0 Casemiro (19'), 2:0 Cunha (56'), 2:1 Jimenez (85'), 2:2 Kevin (90+1'), 3:2 Sesko (90+4')

Manchester United bleift no de Victoirë géint Manchester City an Arsenal weider op der Erfollegspuer. Am Match géint Fulham konnten d’Red Devils doheem schonn no knapp 20 Minutten a Féiergung goen an no der Paus verdéngt op 2:0 erhéijen. An der Schlussphas huet dann awer de Gaascht duerch zwee séier Goler bannent sechs Minutten nees op 2:2 ausgeglach. Dat lescht Wuert sollt awer de Benjamin Sesko hunn, dee mat engem Schoss aus der Dréiung aus gutt 10 Meter fir d’Decisioun suerge konnt.

Tottenham - Manchester City (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Como - Atalanta 0:0

Cremonese - Inter Mailand (18.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lyon - Lille 1:0
1:0 Nartey (37')

Nice - Brest (17.15 Auer)

Angers - Metz (17.15 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Rayo 2:1
1:0 Vinicius Junior (15'), 1:1 de Frutos (49'), 2:1 Mbappé (90+10')

Real Madrid huet sech duerch ee spéiden Eelefmeter nach dräi wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel geséchert. De Favorit war virun den eegene Spectateuren, déi scho virum Match mat villem Päifen hir Onzefriddenheet aus deene leschte Woche gewisen hunn, fréi duerch ee Gol vum Vinicius Junior a Féierung gaangen. Kuerz nom Säitewiessel dann de Schock duerch ee Gol vum 17. aus der Tabell. De Jorge de Frutos konnt mat engem Schoss aus dem Strofraum op 1:1 ausgläichen. An enger immens ugespaanter Loft am Bernabeu sollt et awer nach ee glécklecht Enn ginn. An der Nospillzäit wollt den Nobel Mendy de Ball klären, huet dobäi awer nëmmen de Brahim Diaz getraff. De Kylian Mbappé huet sech der Saach ugeholl an op den decisiven 2:1 an der 10. Minutt vun der Nospillzäit gesat.

Betis - Valencia (16.15 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO