An der Bundesliga gouf et ënner anerem eng Defaite fir RB Leipzig géint Mainz, wärend Leverkusen zu Frankfurt gewonnen huet. Donieft huet den Danel Sinani bei der 1:2-Néierlag vu St. Pauli zu Augsburg de Gol fir seng Faarwe geschoss.
Leeds United - Arsenal 0:4
0:1 Zubimendi (27'), 0:2 Darlow (38', Selbstgol), 0:3 Gyökeres (69'), 0:4 Jesus (86')
No 3 Spilldeeg um Stéck ouni Victoire kann Arsenal sech an der heemescher Liga nees iwwer 3 Punkte freeën. Obwuel d’Londoner och zu Leeds offensiv net vill Léisunge fonnt hunn, konnte si virun der Paus duerch zwee Corner 2:0 a Féierung goen. Mat dëser Féierung am Réck hunn d’Gunners sech dunn däitlech méi liicht gedoen a sech um Enn däitlech beim Opsteiger duerchgesat.
Chelsea - West Ham United 3:2
0:1 Bowen (7'), 0:2 Summerville (36'), 1:2 Pedro (57'), 2:2 Cucurella (70'), 3:2 Fernandez (90+2')
Chelsea ass offensiv wéineg agefall, nodeems de Bowen seng Faarwe schonn no 7 Minutten a Féierung bruecht hat. Knapp 10 Minutte virun der Paus huet de Summerville dunn nach een dropgesat. Den neien Trainer Rosenior huet an der Paus awer déi richteg Decisioune geholl an de Pedro an de Cucurella agewiesselt, déi op 2:2 gestallt hunn. An der Nospillzäit huet de Fernandez dunn den Derby tatsächlech nach gedréint, woumat Chelsea sech iwwer 3 wichteg Punkten an der Lutte ëm d’Champions-League-Qualifikatioun freeë kann.
Liverpool - Newcastle United 21h00
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Napoli - Fiorentina 2:1
1:0 Vergara (11'), 2:0 Gutierrez (49'), 2:1 Solomon (57')
D’Neapolitaner waren am éischten Duerchgang déi besser Ekipp an hunn direkt no der Paus souguer op 2:0 erhéicht, Fiorentina ass awer drubliwwen a konnt e puer Minutten drop verkierzen. Nom zweete Gol ass Napoli kaum nach geféierlech virun de Florenzer Gol komm, wärend d’Visiteuren hir bescht Occasioun an der Nospillzäit net genotzt hunn. Fiorentina bleift mat dëser Defaite op Plaz 18 an der Tabell.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Paris FC - Marseille 2:2
0:1 Greenwood (18', Eelefmeter), 0:2 Aubameyang (53'), 1:2 Ikoné (82'), 2:2 Kebbal (90+4', Eelefmeter)
Laang huet et no enger weiderer souveräner Victoire fir Marseille an der heemescher Liga ausgesinn, eng 10 Minutte viru Schluss huet den Ikoné awer per Kapp verkierzt, ier de Kebbal an der Nospillzäit aus 11 Meter ausgeglach huet. Marseille bleift domat op Plaz 3, verpasst et awer, weider u PSG an u Lens drunzebleiwen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Levante - Atlético Madrid 0:0
Elche - Barcelona 21h00
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga