Déi 17. Europameeschterschaft goung mat engem laang Zäit spannende Match op en Enn. Schlussendlech huet sech den Toppfavorit Dänemark mat 34:27 géint Däitschland duerchgesat a sech fir d’drëtt Kéier zum Europameeschter gekréint. Domat ass de Fluch ouni EM-Titel zënter 2012 gebrach. Niewebäi huet déi bescht dänesch Generatioun och den Triplé realiséiert: Olympia 2024, Weltmeeschterschaft 2025 an EM 2026. Dat war virdru just de Fransouse gelongen. Däitschland konnt de Gewënn vun 2016 net nach eng Kéier widderhuelen, däerf sech awer iwwer seng 5. Medail bei enger EM freeën.
De Remake vun der Finall bei den Olympesche Spiller 2024 zu Paräis war laang net esou kloer wéi virun annerhallwem Joer (39:26). De Match war bis an 45. Minutt serréiert an Dänemark louch ni méi wéi 3 Goler vir. Dunn ass Däitschland géint eng kompakt dänesch Verteidegung net méi vill agefall. De Golkipp Kevin Möller op dänescher Säit war de Schlësselspiller fir d’Victoire. Wéi Dänemark an der 56. Minutt 5 Goler vir war, war dat d’Entscheedung. Um Enn ass d’Resultat méi kloer wéi de Verlaf vum Match, mee d’Victoire vun de Skandinavier ass verdéngt.
De Mathias Gidsel gouf virun der Finall zum MVP (Most valuabal Player) vum Turnéier gewielt an ass den éischten Dän, deen dësen Titel krut. Am Match huet den zweefache Welthandballer mat 68 Goler an dësem Turnéier en neie Rekord opgestallt. Herning bleift domat eng dänesch Festung. De Co-Organisateur huet zënter 2014 just zwee vu 34 Matcher bei Turnéieren an dëser Hal verluer.
Virun der Finall gouf nach ëm Plaz 3 gespillt. Do huet sech Kroatien in extremis 34:33 géint Island behaapt. No der Sëlwermedail bei der Weltmeeschterschaft zejoert ass et d’Bronzemedail bei der EM dat zweet Edelmetall noenee fir d’Ekipp vum Balkan. Et ass déi véiert Kéier, dass d’Kroaten eng Medail bei zwee Turnéieren hannertenee gewannen, an et ass hir véiert Bronzemedail bei enger Europameeschterschaft. Island huet dogéint déi éischt Medail zënter der EM 2010 (Bronze) verpasst.
Fir dës véier Ekippe war et den 9. Match bannent 17 Deeg. E Pensum, deen all Joer fir grouss Diskussioune suergt, mee virun der Halleffinall vun dëser EM hat de kroateschen Trainer däitlech Wierder fir dës Situatioun fonnt. Dat nächst Turnéier fënnt 2028 an der Schwäiz, Portugal a Spuenien statt. 2027 ass Däitschland Organisateur vun der Weltmeeschterschaft.