Handball-EMDänemark an Däitschland stinn an der Finall

Yannick Glod
Et kënnt zu der vun Experten erwaarter Finall tëscht dem Olympiagewënner an dem Zweetplacéierte vu Paräis 2024. Portugal dierf sech iwwer Plaz 5 freeën.
Germany's goalkeeper #33 Andreas Wolff reacts during the men's EHF Euro 2026 semi-finals handball match Germany vs Croatia in Herning, Denmark, on January 30, 2026.
Den däitsche Golkipp Andreas Wolff hat groussen Undeel um Weiderkomme vu senger Ekipp.
© Ritzau Scanpix/AFP

No engem 31:28 géint Kroatien stoung Däitschland als éischt Ekipp an der Finall, zwou Stonnen drop huet sech Dänemark mam selwechte Resultat (31:28) géint Island duerchgesat. Domat treffen Däitschland an Dänemark eng zweet Kéier an dësem Turnéier openeen. Fir béid Ekippe wär et den drëtten EM-Titel an Dänemark kéint den Triplé perfekt maachen: gläichzäiteg Olympia-Gewënner, Weltmeeschter an Europameeschter. Wat bei den Dammen Norwegen scho gelongen ass.

An der éischter Halleffinall huet Däitschland eng gréisstendeels souverän Leeschtung gewisen a sech eréischt eng véiert Kéier fir eng Finall qualifizéiert. D’Aadleren hunn domat d’Chance, zéng Joer nom leschten EM-Titel sech eng weider Kéier an de Palmarès anzedroen. D’Basis waren eng staark Defense an e gudde Golkipp. Nom Säitewiessel (17:15) hat Kroatien et schwéier a louch an der 38. Minutt 7 Goler hannen. Däitschland konnt de Virsprong bis an d’52. Minutt bei 5 Goler halen, huet et hannen eraus awer nach eng Kéier spannend gemaach, well d’Kroate bis op 2 Goler erukoumen. Schlussendlech hunn d’Nopere vun der anerer Säit vun der Musel de Sak awer zougemaach.

Am Virfeld vum Match hat de kroateschen Trainer Dagur Sigurdsson d’Delaien tëscht an d’Usetzunge vun de Matcher schaarf kritiséiert. Virun der Halleffinall géint Däitschland haten d’Kroate (an d’Islänner) vu Malmö op Herning misse reesen– dat op engem eigentleche Roudag – a konnten net uerdentlech trainéieren.

D’Europäesch Handballfederatioun (EHF) huet Daags drop op dës Kritik reagéiert an ugekënnegt, dass et bei den nächsten Europameeschterschaften (Dammen Dezember 2026 an Hären Januar 2028) ëmmer ee Roudag tëscht de Matcher géif, an dass den Transport vun den Ekippen net op esou Deeg stattfanne wäert.

Am zweete Match huet Dänemark Island no haardem Kampf geklappt a steet eng zweet Kéier hannerteneen an der Finall vun enger EM. Do soll den éischte kontinentalen Titel zënter 2012 kloer gemaach ginn; 2024 war een an der Finall an der Verlängerung u Frankräich gescheitert (31:33).

De Match, an deem insgesamt 18 aktiv Spiller aus der däitscher Bundesliga um Bou stoungen, war bis an d'52. Minutt enk an et konnt een net soen, wat fir eng Ekipp als Gewënner vum Terrain géing. Mol louch Island vir, mol d’Dänen. Wéi d’Ekipp ronderëm de Welthandballer Mathias Gidsel bis op 4 Goler ewechzéie konnt, war dat d’Virentscheedung.

Am Match ëm Plaz 5 huet sech Portugal mat 36:35 géint Schweden duerchgesat. Den decisive Gol ass eréischt an der leschter Sekonn vum Match gefall. Et ass déi bescht Placéierung fir Portugal bei enger Europameeschterschaft.

Back to Top
CIM LOGO