Handball-ChampionnatDiddelenger Damme klappen Déifferdeng in extremis

Yannick Glod
Käerjeng huet am zweete Match de Museldall geklappt. Bei den Hären hat Déifferdeng Krämpes zu Käerjeng, Esch an Diddeleng hu souverän gewonnen.
© Serge Olmo

Hären

Bei den Häre stoung den zweetleschte Spilldag an der regulärer Saison um Programm. Hei huet sech Red Boys Déifferdeng am Kordall-Derby beim HB Käerjeng laang schwéier gedoen. D’Lokalekipp huet den amtéierende Champion an der éischter Hallschent ni méi wéi 3 Goler ewechzéie gelooss a konnt mam Pëff an d’Kabinnen nach den Ausgläich zum 21:21 markéieren. Dëst Resultat huet ënner Beweis gestallt, dass béid Defensen a Golkipperen net hire beschten Dag erwëscht haten.

Déi Gréng konnten de Match bis an d'40. Minutt ausgeglach gestalten, mee dunn hunn de Guillaume Ballet an den Daniel Tako Déifferdeng op d’Gewënnerstrooss bruecht. Aus 2 Goler Avance si bannent 10 Minutten 6 Goler Virsprong ginn, wourop Käerjeng keng Äntwert méi fonnt huet. Um Enn gewënnt Déifferdeng deemno 42:37. Fir déi Gréng kënnt et de 5. Februar am Nodrosmatch zu der alles entscheedender Partie géint Dikrech, fir hir sechst Plaz awer nach ze behalen.

Den Tabellenzweeten HB Diddeleng huet am Auswäertsmatch beim Chev Dikrech näischt ubrenne gelooss a gewënnt kloer 31:20. D’Lokalekipp konnt déi éischt 20 Minutten enk gestalten, duerno hunn d’Fiiss awer den Ecart gemaach a louchen an der Paus scho 14:9 vir. Dikrech huet am zweeten Duerchgang keng Moyene méi géint d’Diddelenger Defense fonnt. Um Enn war et eng kloer Saach.

Dem Chev feelen zënter zwou Wochen de Bruno Pires Fernandes an de Gilson Mendes Correia. Béid Spiller si mam Cap Vert beim Afrika Cup a Ruanda am Asaz an hunn do d’Bronze-Medail gewonnen. Am Spill ëm Plaz 3 hu si Algerien mat 29:23 geklappt. Domat sinn d’Kapverdianer fir d’Weltmeeschterschaft 2027 an Däitschland qualifizéiert.

Den HC Standard hat géint d’Gäscht vun Esch näischt ze radetten a musst sech kloer 29:18 geschloe ginn. D’Gäscht hu fréi kloer gemaach, dass si de Stater keng Chance op eng Iwwerraschung bidde wéilten a louchen no 20 Minutten 10:5 vir. Insgesamt si just 18 Goler an der Hallschent zu Bouneweg gefall (12:6). De Standard huet 45 Minutte fir 10 Goler gebraucht, wärend Esch de Virsprong bis op maximal 14 Goler ausbaue konnt.

Schonn e Freideg hat sech den HC Bierchem mat 40:28 beim Tabelleleschten Esperance Rëmeleng duerchgesat. Et war den zweete Match bannent zwee Deeg fir d’Réiserbänner, déi e Mëttwoch en Nodrosmatch géint Diddeleng bestridden haten. Hei konnt de laangzäitblesséierte Ben Majerus nees matwierken an och ee Gol markéieren. Op den éischte Bléck wierkt d’Resultat kloer, mee an der éischter Hallschent louch Rëmeleng zum gréissten Deel a Féierung. Nom 16:16 an der Paus huet Bierchem e puer Gäng eropgeschalt a hat no 45 Minutten eng komfortabel Avance vun 8 Goler. Virun allem den Daniel Scheid an de Charel Brittner hu mat hire Goler fir de klore Virsprong gesuergt. Bei Rëmeleng huet den David Pfiffer mat 9 Goler ervirgestach.

Auslousung an der Coupe
An der Paus vum Spëtzematch bei den Damme goufen d’Halleffinallen an der Coupe gezunn. Bei den Hären huet den HB Diddeleng dat vermeintlech méi liicht Lous mam Gewënner vum Match Dikrech géint de Standard. Dëse Match gëtt eréischt den 13. Februar gespillt, well e wéinst der Participatioun vun zwee kapverdesche Spiller, déi beim Afrika Cup dobäi sinn, verréckelt gouf. An der zweeter Partie treffe mam HC Bierchem an dem HB Esch d’Coupegewënner vun den zwou leschte Saisonen openeen. De Final4 gëtt vum 23. bis de 26. Abrëll an der Coque ausgedroen.


Dammen

Bei den Damme war et den drëtte Spilldag vum Playoff an domat déi lescht Matcher vum Aller. Am éischte Spëtzematch huet sech den HB Diddeleng en 33:32 géint d’Red Boys Déifferdeng erkämpft a geet als Gewënner vum Terrain, wouno et laang net ausgesinn hat. Fir Déifferdeng ass et déi éischt Néierlag am Playoff, mee schonn déi drëtt an dëser Saison géint den HBD.

Wéi d’Gäscht no 4 Minutte 4:1 fort waren, hat ee scho gemengt, datt Diddeleng seng scho gewinnt Ulafschwieregkeeten nees weise géif, mee e puer Minutte méi spéit huet dat beim 5:6 scho besser ausgesinn. Mee d’Fiiss hunn et ni hikritt, auszegläichen. Sou konnt Déifferdeng ëmmer nees op 3-4 Goler ewechzéien, wat och de Virsprong an der Paus war (19:16). D’Sarah Kupke hat do scho 6 Mol getraff; no 60 Minutten hat déi Däitsch 10 Goler um Kont stoen.

Nom Säitewiessel huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gebueden: Diddeleng stoung hannen net kompakt an huet vir d’Bäll ze einfach ewechgeheit. Sou waren d’Gäscht nees séier op 4 Goler fort. Ab der 45. Minutt huet de Wand gedréint, well d’Déifferdengerinne midd goufen an och vill Zäitstrofe kasséiert hunn (insgesamt 8). Doduerch koumen d’Fiiss, wou d’Joy Wirtz nees am Kader stoung, erun a konnten an der 49. Minutt den éischten Ausgläich (27:27) zënter dem 0:0 markéieren a sech kuerz drop souguer iwwer déi éischt Féierung freeën (28:27).

Mat engem 30:30 goung et an déi lescht 5 Minutten, an deenen d’Sharon Dickes, déi haut 10 Goler fir hir Faarwe markéiere konnt, de Match entscheet huet. Déi lescht Aktioun huet fir vill Opreegung gesuergt, well Déifferdeng der Meenung war, dass de Ball no engem Feeler net richteg néiergeluecht gi war. Der Reegel no hätt et deemno Siwemeter a Rout Kaart fir Diddeleng ginn. Dat hunn d’Arbitteren awer net esou interpretéiert. Déifferdeng muss sech virgeheien, de Match an de leschte Minutten aus der Hand ginn ze hunn.

An der Paus vun dësem Match goufen och d’Halleffinallen an der Coupe ausgeloust. Bei den Dammen trieden den HB Diddeleng géint d’Red Boys Déifferdeng an den HB Käerjeng géint den HB Museldall un. Dat sinn déi véier Ekippen, déi och am Titel-Playoff spillen.

Am zweete Spëtzematch hat den HB Käerjeng laang wéi de klore Gewënner ausgesinn, mee um Enn gouf et géint den HB Museldall nach eng Kéier spannend. De Rekordmeeschter konnt sech awer mat 29:28 behaapten.

An der éischter Hallschent hat Käerjeng de Match voll am Grëff a louch no 20 Minutte 6 Goler vir (12:6), d’Ekipp vun der Musel sollt de Réckstand bis an d’Paus awer nach op 3 Goler verkierzt kréien. De Virsprong vun 3-4 Goler krut Käerjeng bis an d'44. Minutt geréiert, éier de Museldall mat engem 3:0-Laf de Match nach eng Kéier spannend gemaach huet. An der 58. Minutt konnten d’Gäscht ausgläichen, mee et sollt d’Käerjenger Nationalspillerin Jenny Zuk sinn, déi mat hirem 12. Gol de Match an de leschte Sekonnen decidéiert huet.

Käerjeng hat et dës Kéier mol anescht gemaach an den Dammematch nom Härematch ugesat. Dat war am leschten Talk vun der Handball-Federatioun, wou den Dammenhandball Sujet war, monéiert ginn, dass d’Dammen ëmmer am Virfeld spille missten.

An der Relegatioun koum et tëscht Dikrech an dem Standard zu enger klenger Iwwerraschung. Béid Ekippen hu sech nämlech mat 26:26 getrennt. Am Virfeld hat een d’Dikrecherinne méi staark ageschat. De Standard louch 20 Sekonne viru Schluss ee Gol vir, mee d’Gäscht konnte mam leschte Ball an der leschter Sekonn nach ausgläichen.

Den HB Esch huet déi éischt Punkten am Playdown geraf. D’Ekipp aus der Minettmetropol huet 27:15 zu Réiden gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO