D’Red Boys Déifferdeng setzt sech in extremis mat 39:38 géint de Verfollger HC Bierchem duerch a schléisst déi regulär Saison ouni Néierlag als Tabellenéischten of. D’Réiserbänner hu par conter elo 5 Punkte Réckstand op den amtéierende Champion.
Déi éischt Hallschent huet enger Achterbunn geglach. Nodeems déi éischt 8 Minutten ausgeglach waren, ass Bierchem an e Lach gefall an huet bal 10 Minutte kee Gol markéiert. Déifferdeng hat sech an där Zäit e Virsprong vun 9 Goler erspillt (15:6 no 16 Minutten). Vill Leit hate scho geduecht, domat wär d’Mass gelies, mee et sollt anescht kommen. D’Red Boys huet de Virsprong bis an d'23. Minutt bei 7 Goler gehalen (18:11), dunn ass bei hinnen awer näischt méi zesummegelaf a Bierchem konnt duerch de Guden an de Scheid bannent 7 Minutte 6 Goler ophuelen (18:18). Kuerz virum Säitewiessel sollt Déifferdeng awer nach e Gol geléngen, fir mat engem 19:18 an d’Paus ze goen.
Am zweeten Duerchgang war et den erwaarte Spëtzematch a béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Och an der Schlussphas war net ofzegesinn, wien als Gewënner vum Terrain goe sollt, Déifferdeng konnt awer ëmmer op 2 Goler ewechzéien, wat um Enn den Ausschlag ginn huet. Doru sollten och déi 11 Goler vum Raphael Guden näischt änneren. Mee och den Enzo Jean Louis op Déifferdenger Säit war mat 10 Goler gutt opgeluecht.
No der Bierchemer Néierlag steet Diddeleng elo eleng op der zweeter Tabelleplaz, huet awer 3 Punkte Réckstand op Déifferdeng. Den HBD huet déi regulär Saison mat enger däitlecher 45:30-Victoire géint den HB Käerjeng ofgeschloss. D’Gäscht konnt wuel déi éischt 20 Minutte mathalen, hunn awer séier mussen agesinn, dass géint d’Fiiss kee Kraut gewuess war. Fir déi Gréng stoung nom 30:23 en Donneschdeg géint Dikrech souwisou scho fest, dass si am Titel-Playoff spille géifen, a si waren dohier fräi vun alle Suergen.
Am Match tëscht Esch a Rëmeleng stoung de Gewënner och schonn an der Paus fest: Esch war 19:13 vir. D’Gäscht aus dem Käldall hunn am zweeten Duerchgang wuel nach eng Kéier probéiert, de Réckstand ze verkierzen, mee méi wéi 4 Goler (21:17) koume si net un déi Schwaarz-Wäiss erun. No enger Dräivéierelstonn louch Esch eng éischt Kéier mat 10 Goler (29:19) vir; 15 Goler waren de maximale Virsprong. No 60 Minutte stoung et 40:26 fir den HBE. Fir Rëmeleng war scho méi laang gewosst, dass si an der Relegatioun ëm de Verbleif an der AXA League spille mussen.
Eng spannend Partie kruten d’Spectateuren zu Dikrech ze gesinn, wou de Chev um Enn awer mat 22:25 géint den HC Standard de Kierzere gezunn huet. Dikrech konnt no der Néierlag ënnert der Woch géint Käerjeng befreit opspillen an huet de Gäscht aus der Haaptstad en haarde Kampf gebueden. Mat engem 11:9 an der Paus fir d’Lokalekipp hate wuel déi mannst gerechent. De Chev konnt seng Féierung bis an d'40. Minutt halen, mee duerno huet de Standard d’Zigel an de Grapp geholl. Dikrech huet sech am leschte Match deier verkaf.
Rëmeleng an Dikrech kréien et an der Relegatioun mam ongeschloenen Tabelleleader vun der Promotioun HB Péiteng souwéi Leideleng, Miersch an dem Museldall ze dinn.
Eng Woch no der batterer Néierlag zu Diddeleng mussen d’Damme vun der Red Boys Déifferdeng eng weider knapp Defaite verdauen. Am Kordall-Derby géint Käerjeng huet d’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren mat 20:21 verluer. No enger serréierter Ufanksphas konnt sech Käerjeng déi lescht Minutte virun der Paus op 3 Goler ofsetzen a goung mat engem 12:9 an d’Kabinnen. No 42 Minutten haten d’Gäscht eng komfortabel Avance vu 6 Goler (18:12), mee deen ass konstant geschmolt, well hinne bis zum Schluss just nach 3 Goler gelénge sollten. Déifferdeng huet sech Gol fir Gol eru geschafft a konnt 30 Sekonne viru Schluss den Ausgläich schéissen. De leschten an decisive Gol fir Käerjeng war der Lena Kirtz an der Schlusssekonn virbehalen. Et war hiren 9. Treffer am Match.
Den HB Diddeleng steet mat Käerjeng punktgläich un der Tabellespëtzt, huet awer de méi schlechten direkte Vergläich. D’Fiiss hu sech um Enn souverän 29:24 beim HB Museldall duerchgesat. No engem serréierten éischten Duerchgang (11:10 fir Museldall) hunn d’Gäscht direkt op den Tempo gedréckt an d’Féierung iwwerholl. Tëschent der 36. an 43. Minutt konnt Diddeleng sech e maximale Virsprong vu 5 Goler erausspillen, deen um Enn den Ausschlag ginn huet. De Museldall ass wuel dru bliwwen, Diddeleng hat awer ëmmer eng Äntwert parat.
An der Relegatioun huet Dikrech ouni ze spillen 2 Punkten agefuer. Den HC Atert Réiden hat am Virfeld Forfait erkläert, sou dass de Chev 20:0 gewonnen huet. An der zweeter Partie huet sech den HC Standard knapp 20:16 géint den HB Esch behaapt.