Handball-EMEng Haaptronn vun de Superlativen

Yannick Glod
Danish Dynamite at its best, d‘däitsch Aadlere sti genee wéi Island a Kroatien an den Halleffinallen. Den Titelverdeedeger Frankräich gouf trotz neiem Rekord eliminéiert.
Croatia's team celebrates the men's EHF Euro 2026 main round handball match Croatia v Hungary in Malmoe, Sweden, on January 28, 2026. (Photo by Johan Nilsson/TT / TT NEWS AGENCY / AFP) / SWEDEN OUT
Kroatien huet seng véier Matcher an der Haaptronn gewonnen a steet domat an der Halleffinall.
© TT NEWS AGENCY/AFP

Vill méi spannend hätt d’Haaptronn vun enger Europameeschterschaft net si kënnen. Um leschte Spilldag haten an all Grupp nach eng Hickecht Ekippen d’Méiglechkeet op d’Halleffinall; just Dänemark stoung schonn als Participant fest. Um Enn qualifizéiere sech nieft dem Co-Organisateur Däitschland, de Vize-Weltmeeschter Kroatien an Island fir d’Ronn vun de leschte Véier.

An der Grupp 1 stoung Dänemark anescht wéi erwaart awer ënner Zuchzwang, well si an der Virronn géint Portugal verluer haten. Mat véier Victoirë konnte si sech awer souverän fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Et ass déi 10. Kéier, dass d’Skandinavier zënter dem Joer 2000 (bei 14 Turnéieren) an der Halleffinall stinn. Um leschte Spilldag ass d’Entscheedung ëm den zweeten Ticket tëscht Däitschland a Frankräich decidéiert ginn, mam besseren Ausgang fir d’Aadleren (38:34). Däitschland behält domat d’Chance op den éischten EM-Titel zënter 2016.

Fir den Titelverdeedeger Frankräich ass d’Turnéier trotz enger Rei Rekorder eriwwer. Schonn an der Virronn hate si e Rekord u geworfene Goler an engem eenzege Match bei enger EM (46) opgestallt, géint Portugal hu Les Bleus dëse Score nach eng Kéier realiséiert. Ausserdeem hu si mat de Portugisen en neie Rekordscore realiséiert, andeem béid Ekippe 84 Goler (46:38) a 60 Minutte geschoss hunn. De fréiere Rekord vun 81 Goler war och eréischt bei dëser Europameeschterschaft tëscht Slowenien a Montenegro (41:40) opgestallt ginn. Fir Frankräich ass et dat éischt Turnéier zënter der WM 1961, wou Les Bleus dräi Matcher verluer hunn.

An der Grupp 2 war et net manner spannend. Um Enn konnt sech Kroatien als Éischten duerchsetzen. Hannendru war et en Zweekampf tëscht den Islänner an dem Co-Organisateur Schweden, mam besseren Enn fir d’Ekipp vun der Nordmier-Insel.

Island stoung no der Néierlag am éischte Match géint d’Kroaten ënner Drock an huet Schweden am nächste Match kloer d’Grenzen opgewisen (35:27). Dat Resultat war wichteg, well béid Ekippen zum Ofschloss punktgläich waren. Fir Island geet domat en Trauma vu 16 Joer op en Enn. Et ass de Wikinger hir éischt Participatioun un enger Halleffinall zënter 2010 an eréischt déi drëtt zënter dem Joer 2000.

An den Halleffinalle wäert Island net just duerch d’Nationalekipp, mee och duerch dräi Trainer vertruede sinn: Alfred Gislason (Däitschland), Snorri Steinn Gudjonsson (Island) an Dagur Sigurdsson (Kroatien). Weider interessant Statistike fënnt een op de Social-Media-Säite vum dänesche Journalist a fréieren Handballspiller Rasmus Boysen.

Am Match ëm Plaz 5 treffen e Freideg Portugal an de Co-Organisateur Schweden openeen.

Diskussioun ëm Sécherheet vun de Spiller an Heefegkeet vun Turnéieren

Wéinst der immenser Intensitéit an dem enken Zäitplang bei Welt- oder Europameeschterschafte gëtt och ëmmer nees de Verletzungsrisiko fir d’Spiller thematiséiert. D’Belaaschtung bei dësen Turnéieren, wou quasi all zweeten Dag e Match usteet, ass enorm. An der Grupp 2 huet de Spillplang souguer zwee Matcher bannent 24 Stonne virgesinn. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller Luke Kaysen ass et do wichteg, e “breede Kader ze hunn“ a gutt ze regeneréieren. Dat wär och op esou engem héijen Niveau net einfach. Hie géif sech och wënschen, dass d’Spiller bei engem Turnéier méi Paus hätten, “mee dat mussen anerer entscheeden“. Säi Brudder Loïc ergänzt, dass et schonn eng grouss Ustrengung wär, wann een an der Liga zwee Matcher an enger Woch hätt.

Passend zum Sujet Belaaschtung a Stress huet de kroateschen Trainer Dagur Sigurdsson op der Pressekonferenz kloer Wierder fonnt.

Dass een d’Frequenz vun enger Welt- oder Europameeschterschaft reduzéiere sollt, wat och ëmmer erëm am Raum steet, gesäit de Luke Kaysen net esou. “Do kann ee sech ëmmer erëm op internationaler Eebene géint déi bescht Spiller beweisen.“ Fir dass Spiller méi Regeneréierungszäit kréichen, sollt ee kontinental Kompetitioune méi kleng maachen oder méi laang Pausen aféieren. Och de Loïc gesäit d’Heefegkeet vun den Turnéieren net als Problem, mee et kéint virkommen, “dass de Lien zum Erfolleg net esou grouss ass”.

Back to Top
CIM LOGO