
De Spëtzematch vum 8. Spilldag war wéinst der Participatioun vu béiden Ekippen am European Cup verluecht ginn. Dräi Méint nom eigentleche Rendez-vous hunn d’Spectateuren an der Krautemer Sportshal en enke Match gesinn, deen um Enn 30:30 ausgoung.
Den Ojié Etute wäert dem HB Diddeleng e puer Woche wéinst engem Muskelfaserrëss an der Schëller feelen. Hien hat sech dës Blessur am Coupematch géint d’Red Boys Déifferdeng zougezunn.
Bierchem spillt schonn zënter e puer Wochen ouni sechs Stammspiller, dofir kréie Jugendspiller méi Asazzäit. Den Diddelenger Fynn Köller huet e Mëttwoch säi leschte Match an dëser Saison gespillt. Den Trainer Dusko Bilanovic wosst scho méi laang, dass de Bandspiller vu Februar bis Juli en Auslandssemester a Kolumbien absolvéiert.
Obwuel Diddeleng de Match eigentlech an der Hand hat, blouf de Score de ganze Match iwwer zimmlech enk. Nom 0:3 koum Bierchem besser an de Match a konnt bannent enger Minutt ausgläichen, Och e 5:0-Laf tëscht der 8. a 14. Minutt (9:5) huet Diddeleng net dozou verhollef, sech méi kloer ofzesetzen. Dat war déi maximal Avance vun de Fiiss an der éischter Hallschent. Bierchem ass wuel dru bliwwen, konnt awer bis an d’Paus net méi ausgläichen, sou dass et mat engem 16:14 fir d’Gäscht an d’Kabinne goung.
Den HBD hat och no der Paus de bessere Start a konnt souguer zweemol op 5 Goler (19:14 & 22:17) ewechzéien, mee Bierchem ass haartnäckeg bliwwen an huet sech lues a lues erugekämpft. Dat louch virun allem un der taktescher Ëmstellung vum Trainer Marko Stupar, dee mat 7 Feldspiller agéiert huet, an och un de Parade vum Kell Meyers. Diddeleng ass domat net kloerkomm a sou koum Bierchem an der 53. Minutt zu der éischter Féierung (27:26) am Match. An der Schlussphas wollten d’Gäscht déi zwee Punkten awer net hierschenken an esou deele sech béid Ekippen um Enn d’Punkten. Doriwwer freet sech virun allem den Tabelleleader Red Boys Déifferdeng, déi elo 3 Punkten Avance op déi punktgläich Verfollger huet.
Fir dass d’Tabell komplett ass, muss nach de Match tëscht Dikrech a Käerjeng gespillt ginn. An dësem Duell, dee fir de 5. Februar ugesat ass, wäert sech decidéieren, wat fir eng Ekipp an d’Relegatioun muss.
Bierchem spillt e Freideg schonn den nächste Match am Championnat. Si lancéieren da géint Rëmeleng den zweetleschte Spilldag virum Playoff.