
Zanter e Méindeg ass sécher, datt den 1.FC Kaiserslautern d'Lizenz fir d'drëtt Liga fir déi nächst Saison kritt, dat huet den DFB matgedeelt. Déi Autorisatioun gouf net zulescht duerch d'finanziell Garantië vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca vun der Däitscher Fussballfederatioun ausgestallt.
Den 1. FCK war virun e puer Wochen jo nach kuerz virun der Faillite. Laangfristeg wëll de Lëtzebuerger Investisseur mam Däitschen Traditiounsveräin nees an déi 1. Bundesliga.