
De Seid Korac gouf an der 56. Minutt an der Partie vu sengem Degerfors IF géint BK Häken an der héchster schwedescher Divisioun agewiesselt a war um Terrain, wéi den 1:0 fir seng Faarwen duerch den Bouzaiene gefall ass. Beim deem Score sollt et dann och bleiwen.
Zwee Mol huet den Anthony Moris an der Partie vun Union Saint-Gilloise géint Royal Antwerpen missten hannert sech gräifen. D’Goler sinn quasi direkt nom Un- a kuerz virum Ofpëff vun der Partie gefall. Um Enn deele sech d’Ekippe d’Punkte beim Stand vun 2:2.
Dat selwecht Resultat gouf et och am Duell an Éisträich tëscht den zwou Austriaen, deenen aus Wien an deenen aus Klagenfurt. Bei de Wiener stoung de Marvin Martins déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
A Polen gouf et fir de Sébastien Thill a säin neie Veräin Rzeszow eng 2:3-Néierlag géint Motor Lublin. De Lëtzebuerger gouf an der 69. Minutt agewiesselt.
An der tierkescher Süper Lig gouf et just e kuerzen Optrëtt fir de Gerson Rodrigues. Schonn no 14 Minutten huet de Lëtzebuerger d’Feld wéinst enger Blessur nees misste verloossen. Et gouf fir seng Ekipp Sivasspor eng 0:2-Néierlag géint Besiktas Istanbul.
Kee Gol an dowéinst och kee Gewënner gouf et an der tierkescher 1. Lig, wéi den Olivier Thill mat Sanliurfaspor Erzumurspor op Besuch hat. De Lëtzebuerger gouf no 66 Minutten ausgewiesselt.
Eng 3:1-Victoire gouf et fir Waldhof Mannheim géint Preußen Münster an der 3. däitscher Liga. Bei de Mannheimer stoung de Laurent Jans iwwer déi komplett 90 Minutten um Terrain.
An Norwegen gouf et eng iwwerraschend 1:2-Néierlag fir de Lars Gerson mam Kongsvinger IL auswäerts beim IL Hodd an dobäi war d’Ekipp vum Lëtzebuerger fréi a Féierung gaangen, ma d’Heemekipp konnt de Réckstand nach virun der Paus dréinen. Mam Verloscht vun 3 Punkte verléiert Kongsvinger den Uschloss un den Tabellenéischten aus Fredrikstad an Hodd klëmmt op d’Relegatiounsplaz. An der zweeter norwegescher Liga ass dëse Weekend den 22. Spilldag.
An der 1. Bundesliga sollt et e ganz battere Mëtteg fir Mainz mam Leandro Barreiro ginn. Zu Breme koume si bei engem 0:4 kloer ënnert d’Rieder. Den Nationalspiller vun de roude Léiwe stoung déi ganz Partie iwwer um Terrain. Den Yvandro Borges Sanches souz bei Gladbach op der Bänk an huet vun do aus matkritt, wéi d’Bayern aus engem 0:1-Réckstand eng 2:1-Victoire gemaach hunn.
De Maxime Chanot stoung dann och direkt an der Startopstellung vu sengem neie Veräin, dem AC Ajaccio an der zweethéchster Spillklass a Frankräich. Doheem gouf et en 2:2 géint den USL Dunkerque. An der selwechter Divisioun gouf et och e Punkt fir de Florian Bohnert mam SC Bastia, wéi een 0:0 zu Grenoble gespillt huet.
An der zweeter Belscher Liga gouf den Alessio Curci bei Francs Borains an der 81. Minutt agewiesselt an huet kuerz drop e Gol markéiert. Leider ass dëst net duergaangen, fir d'1:2-Néierlag géint Beerschot VA ze verhënneren.
Den Enes Mahmutovic souz bei der 3:0-Victoire vu sengem ZSKA Sofia an der bulgarescher Parva Liga géint PFC Beroe déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
An der 2. Bundesliga an Däitschland hu sech Braunschweig a St. Pauli mam Danel Sinani mat engem 1:1 getrennt. de Lëtzebuerger gouf an der 90. Minutt agewiesselt.
An der 2. Liga an Éisträich huet St. Pölten mam Dirk Carlson 1:0 zu Amstetten gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet an der 54. Minutt Giel gesinn. Hie stoung de komplette Match um Terrain. Den decisive Gol huet den Neumayer an der 68. Minutt geschoss. No 6 Spilldeeg steet St. Pölten un der Spëtzt vun der Tabell.
Um 5. Spilldag vum Championnat am Aserbaidjan huet Sabah Baku mam Vincent Thill 0:3 géint PFK Turan Tovuz de Kierze gezunn. De Lëtzebuerger gouf an der 73. Minutt ausgewiesselt.
Am Championnat an Ungarn huet Ujpest mam Tim Hall 3:2 géint Kisvarda gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 69. Minutt agewiesselt. An der provisorescher Tabell steet Ujpest un der Spëtzt.