Bundesliga3:0-Victoire am Borussia-Duell fir Dortmund géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga waren um 1. Spilldag nees vereenzelt Spectateuren am Stadion erlaabt.
Huet e Samschdeg 2 Goler markéier: den Erling Haaland.
Huet e Samschdeg 2 Goler markéier: den Erling Haaland.
© AFP (Archivfoto)

1. Spilldag vun der Futtball-Bundesliga

Dortmund - M’Gladbach 3:0
1:0 Reyna (35'), 2:0, 3:0 Haaland (54', 77')

Borussia géint Borussia - dat war d’Affiche an der Owespartie vun der Bundesliga um Samschdegowend. Dobäi war et d’Borussia vun Dortmund, déi no den éischte 45 Minutten 1:0 a Féierung war. Dat jonkt Nowuesstalent vu Schwaarzgiel, den Giovanni Reyna, huet den 1. Gol vun der Partie markéiert.

Nom Säitewiessel koum d’Reaktioun vun der Borussia vu Mönchengladbach nach ëmmer net esou richteg. Ronn 10 Minutte waren am 2. Duerchgang gespillt, wéi den Haaland op Eelefmeter op 2:0 eropschrauwe konnt. No dësem Gol konnt een dovunner ausgoen, datt Dortmund am eegene Stadion näischt méi géif ubrenne loossen. An esou koum et och: den Haaland konnt mat sengem 2. perséinlech Gol souguer nach een dropsetzen an esou déi éischt 3 Punkte fir de 2. vun der viregte Saison suergen.

Köln - Hoffenheim 2:3
0:1 Kramaric (3'), 1:1 Andersson (22'), 1:2 Kramaric (45+3'), 2:2 Drexler (86'), 2:3 Kramaric (90+2')

An der 3. Minutt konnt de Kramaric de Gaascht aus Hoffenheim fréi a Féierung bréngen. Köln huet net gutt an de Match fonnt a sou huet d’TSG de Match bestëmmt. Zimlech iwwerraschend ass dowéinst och den Ausgläich komm. Den Andersson huet no enger Flank de Kapp dohigehalen an domat op 1:1 gestallt. Kuerz virun der Paus huet den Czichos de Kramaric am Strofraum getraff. Nom Asaz vum Videoarbitter ass doropshin op Eelefmeter entscheet ginn. De Kramaric ass selwer ugetrueden an huet sou Hoffenheim nees a Féierung bruecht.

An der zweeter Hallschent hunn déi zwou Ekippe sech da berouegt, sou dass net méi all ze vill am offensive Beräich geschitt ass. Hoffenheim huet sech op der knapper Féierung ausgerout, ma d’Kölner Ekipp huet laang kee Wee laanscht d’Defense vun de Gäscht fonnt. An der 86. Minutt war et dann awer den Drexler dee mat sengem Gol zum 2:2 ausgläiche konnt. Mat deem Resultat sollt de Match awer net op en Enn goen. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit konnt de Kramaric mat sengem drëtte Gol de Match entscheeden a sou wënnt Hoffenheim mat 3:2 zu Köln.

Stuttgart - Freiburg 2:3
0:1 Petersen (8'), 0:2 Sallai (26'), 0:3 Grifo (48'), 1:3 Kalajdzic (71'), 2:3 Wamangituka (81')

Stuttgart huet fréi Drock gemaach a probéiert de Wee no vir ze sichen. Den éischte Gol ass awer fir Freiburg gefall. De Petersen stoung no enger Flank op der richteger Plaz an huet d’Ekipp aus dem Breisgau sou fréi a Féierung bruecht. Ronn 20 Minutte méi spéit ass et dann den nächste Réckschlag fir d’Lokalekipp ginn, wéi de Sallai aus dräi Meter op 2:0 erhéije konnt.

Nom Säitewiessel ass Freiburg gutt aus de Vestiairë komm. An der 48. Minutt war de Grifo am Strofraum zum Schoss komm a sou war de Match mam Gol zum 3:0 scho sou gutt wéi entscheet. Stuttgart huet awer net opginn a sou hu sie sech an der 71. Minutt dann och mam Uschlossgol belount. Den Didavi huet de Kalajdzic mat engem schéinen Zouspill bedéngt, deen da mat sengem Schoss op 1:3 verkierze konnt. Stuttgart huet gemierkt dass do nach eppes dran ass a sou ass et dann och 10 Minutte méi spéit zum 2:3 komm. De Wamangituka hat dem Golkipp mat sengem Schoss an de rietsen Eck keng Chance gelooss. Trotz de ville Beméiunge vun der Lokalekipp an der zweeter Hallschent ass et net méi duergaangen de Réckstand opzehuelen a sou wënnt Freiburg den Optaktmatch zu Stuttgart mat 3:2.

Frankfurt - Bielefeld 1:1
0:1 Soukou (51'), 1:1 Silva (62')

Union Berlin - Augsburg 1:3
0:1 Vargas (40'), 1:1 Bülter (75'), 1:2 Gregoritsch (82'), 1:3 Hahn (88')

Bremen - Hertha 1:4
0:1 Pekarik (42'), 0:2 Lukebakio (45+2'), 0:3 Cunha (63') 1:3 Selke (69'), 1:4 Cordoba (90')

Back to Top
CIM LOGO