Jimmy Hoffmann wënnt Brudderduell géint Yann Hoffmann
Am Championnat huet e Samschdeg Diddeleng de Spëtzematch géint Red Boys mat 38:26 gewonnen. Fir Dikrech gouf et um 12. Spilldag déi zwee éischt Punkten.
An der Spëtzepartie huet Diddeleng de Red Boys keng Chance gelooss a gewënnt 38:26. Den HBD bleift domadder un der Tabellespëtzt, dat mat elo 3 Punkten Avance op d'Red Boys. Diddeleng huet eng staark Leeschtung gewisen. An der Defense stoung den HBD ganz gutt an huet kaum Chancë vun de Red Boys zougelooss. An der Attack ass et awer och gelaf an esou stoung et no 21 Minutten 14:10. Bis d'Paus ass de Virsprong ëm weider zwee Goaler gewuess an et stoung 18:12. An der zweeter Hallschent war Diddeleng weider déi méi staark Equipe. D'Lokalformatioun hat vill Variatioun an der Attack a stoung weider gutt an der Defense, sou datt et no 39 Minutten 24:16 stoung. Déi Déifferdenger hunn einfach kee Mëttel fonnt. No 60 Minutte gewënnt Diddeleng verdéngt mat 38:26.
De Chev Dikrech hat e Samschdeg den Owend Schëffleng op Besuch. D'Schlussliicht an der Tabell war an den éischten 30 Minutten déi besser Equipe a loung an der Paus iwwerraschend kloer mat 17:9 a Féierung. Och an der zweeter Hallschent huet Dikrech den Toun uginn. No 45 Minutten hat een eng Avance vun 9 Goaler an et stoung 22:13. Um Enn wënnt Dikrech souverän 31:18 géint Schëffleng. An der Tabell hunn Dikrech a Schëffleng um Wupp elo 2 Punkten.
Fir Esch gouf et déi erwaarte Victoire géint Péiteng. D'Haushären hu mat 34:21 zu Péiteng gewonnen. An der Paus loung Esch mat 15:14 a Féierung.
E Freideg den Owend hat Bierchem mat 34:32 géint Käerjeng gewonnen.
Link: Alleguer d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck
Dammenhandball
Bei den Dammen huet sech am Spëtzematch Käerjeng mat 36:28 géint de Chev Dikrech duerchgesat. No der éischter Hallschent loung d'Lokalequipe mat 15:13 a Féierung. No der Paus ass et de Gäscht zu kengem Ament gelongen u Käerjeng erun ze kommen.
An der zweeter Partie vum Owend huet Schëffleng mat 16:24 géint de Museldall de Kierzere gezunn. An der Paus loung ee mat 8:10 hannen.
De Standard verléiert mat 32:35 géint Diddeleng. An der Paus loung ee mat 11:17 hannen.
Un der Spëtzt an der Tabell sti Käerjeng an Diddeleng mat 20 Punkten. Käerjeng huet awer ee Match manner. Op der 3. Plaz steet de Chev Dikrech mat 15 Punkten.