Diddeleng wënnt knapp zu Déifferdeng, Esch klappt Schëffleng
De Champion vu Käerjeng setzt sech géint Bierchem duerch. Dikrech klappt Péiteng mat 34:25. Esch iwwerrennt Schëffleng.
Um Samschdeg stoung am Lëtzebuerger Handball den 2. Spilldag vum Championnat um Programm.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Hären:
HC Bierchem - HB Käerjeng 29:37
Zu Bierchem war et ee ganz equilibréierte Match. Keng vu béiden Ekippe konnt sech ofsetzen, sou dass et no 16 Minutten och 7:7 gläich stoung. Bis d'Paus ass et och bei deem ausgeglachene Match bliwwen, sou dass sech keng Ekipp ee Virsprong vu méi wéi engem Gol konnt erausspillen an de Champion vu Käerjeng mat 13:14 knapps hanne louch.
Bierchem konnt virun allem defensiv net glänzen a 4 Minutte virun Schluss louch Käerjeng och verdéngt mat 33:27 vir. Um Enn konnt sech Käerjeng mat 37:29 zu Bierchem duerchsetzen.
Red Boys Déifferdeng - HB Diddeleng 27:28
D'Red Boys si besser an de Match koum a waren an den éischte 15 Minutten déi besser Ekipp. Duerno huet sech den HB Diddeleng awer erkritt, sou dass et no 20 Minutten 10:11 fir den HB Diddeleng stoung.
Bis zur Halschent konnten déi Diddelenger hire Virsprong weider halen a louchen an der Paus mat 16:14 zu Déifferdeng a Féierung.
An enger hektescher Partie huet et zäitweis gutt fir Diddeleng ausgesinn, dëst well si beim Stand vun 23:20 zu hire Gonschten och nach eng duebel Iwwerzuel haten. Dësen Avantage konnte si awer net richteg ausnotzen, an no der rouder Kaart fir den Ilic konnten déi Déifferdenger 4 Minutte viru Schluss op 25:25 ausgläichen a souguer kuerz duerno mat 26:25 a Féierung goen.
Um Enn ka sech Diddeleng awer erëm zréckkämpfen a wënnt um Enn knapp mat 28:27 zu Déifferdeng.
Ugefouert goufen déi Diddelenger vum Wirtz, hirem Kapitän, dee mat 9 Goler am beschten um Terrain getraff huet.
CHEV Dikrech - HB Péiteng 34:25
Den HB Péiteng war an der éischter véierel Stonn besser an de Match komm a konnt sech mat 6:4 no 14 Minutte ee liichten Avantage erausspillen. Duerno hunn d'Haushäre vun Dikrech och an de Match fonnt a konnte sech ëmmer méi vu Péiteng ofsetzen, sou dass et no 30 Minutten 17:12 fir Dikrech stoung.
Den HB Péiteng huet et an der 2. Halschent net méi fäerdeg bruecht, den Ecart ze verklengeren, sou dass et um Enn eng kloer 34:25-Victoire fir déi Dikrecher ginn ass.
HBC Schëffleng - HB Esch 19:39
Déi éischt 10 Minutte konnt Schëffleng nach mathalen, ier duerno den HB Esch de Kommando iwwerholl huet. Barkow, Vasilakis a Co. hunn de Schëfflenger keng Chance gelooss, esou datt et no 30 Minutte schonn 10:18 stoung.
Och déi 2. Hallschecht huet Esch dominéiert a Schëffleng konnt de Kapp net méi aus der Fal zéien. Um Enn verléiert den HBC däitlech mat engem Ënnerscheeed vun 20 Goler. Beschte Scorer bei Esch war de Moritz Barkow mat 12 Goler.
Dammen:
Red Boys - HB Diddeleng 17:31
CHEV Dikrech - HC Réiden 47:7
HC Standard - HB Kärjéng 20:37
HBC Schëffleng - HB Museldall 17:21
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball