Victoirë fir Diddeleng, Käerjeng a Red Boys

© Val Wagner
E Samschdeg haten d'Favoritte um 4. Spilldag vum Championnat keng Problemer, fir sech duerchzesetzen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 4. Spilldag.
Hären-Handball
Red Boys - HB Péiteng 45:23
Am Match vun de Red Boys vun Déifferdeng an dem HB Péiteng konnt ee schonn an der Paus domat rechnen, datt d'Haushären als Gewënner vum Terrain wäerte goen. Si waren nämlech no 30 Minutte well mat 24:9 vir. 15 Minutte virum Schluss stoung de Score bei 38:16 an deen däitleche Réckstand konnt Péiteng och net méi ophuelen. 45:23 stoung et no 60 Spillminutten - eng Victoire fir d'Red Boys, déi ni richteg a Gefor war.
CHEV Dikrech - HB Diddeleng 26:34
Dikrech huet géint Diddeleng e gudde Start erwëscht: si stoungen an der Defense gutt a konnten op ee staarke Réckhalt am Gol ziele. Duerno war d'Loft beim CHEV awer eraus an Diddeleng ass ëmmer besser an de Match komm. No 30 Minutte war Diddeleng mat 16:9 vir an och no der Paus hu si weider op den Tempo gedréckt. Dikrecher hunn awer gekämpft a mat hire Méiglechkeeten dogéint gehalen esou stoung et no 48 Minutte 26:21 fir Diddeleng. Déi lescht 10 Minutte war Dikrech awer d'Loft ausgaangen an esou hu si um Enn mat 26:34 verluer.
HBC Schëffleng - HB Käerjeng 21:47
De Champion Käerjeng hat ufanks e puer Problemer, fir hir Dominanz op den Terrain ze bréngen. Duerno huet hir Offensiv awer ëmmer nees gutt kombinéiert an esou waren d'Männer aus der Brauerei-Stad no 30 Spillminutte mat 12:25 vir. Och am 2. Duerchgang sollten d'Käerjenger d'Nues vir halen an näischt méi brenne loossen. Schëffleng huet um Enn missten eng 21:47-Defaite astiechen.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
Réiden - HBC Schëffleng 19:29
D'Damme vu Schëffleng haten zu Réiden weider keng Schwieregkeeten, fir sech d'Victoire ze sécheren. Um Enn huet dem Heel Otto seng Ekipp mat 10 Goler Ënnerscheet souverän gewonnen.
HB Diddeleng - HC Standard 15:0 (Forfait)
HB Museldall - CHEV Diekirch
E Sonndeg 30.09 um 18.45.
HB Käerjeng - Red Boys
E Sonndeg 30.09 um 18.00.