Esch, Diddeleng a Red Boys loossen hire Géigner keng Chance

© Archiv
Den HB Esch konnt sech souverän doheem mat 31:22 géint Bierchem behaapten. Iwwerdeems huet bei den Dammen Diddeleng géint Dikrech gewonnen.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen den 11. Spilldag.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball
Hären-Handball
HB Esch – HC Bierchem 31:22
Um leschte Spilldag hat Esch mat enger däitlecher Victoire zu Dikrech weider keng Schwieregkeeten an och an der Coupe hu si bis elo ee Parcours sans faute realiséiert. Fir de Kont vum 11. Spilldag konnt ee sech bei der Explikatioun Esch-Bierchem eng méi spannend Partie erwaarden, och wa Bierchem zanter 13 Matcher net méi zu Esch wanne konnt.

© Gilles Tricca
De Coupegewënner vu Bierchem wollt awer auswäerts virun 350 Spectateuren eppes mat Heem huelen. Déi Minetter sinn allerdéngs mat enger 14:10-Féierung an d'Paus gaangen a konnten dës virun allem hirem Kipper Milosevic verdanken, deen an der Ufanksphas eng exzellent Leeschtung gewisen an ganzer dräi 7-Meter hale konnt.
Esch ass fir den zweeten Duerchgang ganz staark op de Parquet komm a konnt seng Féierung weider ausbauen - hannendran hu si iwwerdeems näischt zougelooss. Bierchem, déi d'Negativ-Serie op een Enn setze wollt, koum net méi zeréck an de Match, sou datt d'Victoire fir den HB Esch méi wéi verdéngt war.
HB Diddeleng – Chev Dikrech 33:25
Eng serréiert Partie gouf sech an der Forge du Sud erwaart - hei ass de 5. op de 6. aus der Tabell getraff. D’Ekipp aus der Brauereistad wollt géint den HBD eppes räissen, ma wousst, datt dem HBD viru sengem Public keng einfach Aufgab virun der Broscht stéing.
Ma d'Dikrecher hu gekämpft a konnte mat engem 2-Gol-Virsprong op den Téi goen. D'Ekipp ronderëm de Marszalek an Ostrihon konnten den éischten Duerchgang am Centre Sportif René Hartmann mat 16:14 fir sech entscheeden.
Am zweeten Duerchgang huet den HBD opgedréint an d'Dikrecher Ofwier ëmmer nees viru Schwieregkeete gestallt. Um Enn gouf et dach eng däitlech Victoire fir d'Haushären: si gewanne mat 33:25.
HB Péiteng – Red Boys 21:36
Beim Duell tëscht dem Schlussliicht an der Tabellespëtzt vun Déifferdeng waren d’Rolle kloer verdeelt. D'Red Boys war de klore Favorit an huet den éischten Duerchgang mat 16:11 kënne wannen. Den HB Péiteng war net schlecht, ma koum géint d'Dominanz vun den Déifferdenger net un.
Méi däitlech gouf et dunn an der zweeter Hallschecht, wéi d'Red Boys nach eng Kéier opgedréint an näischt méi ubrenne gelooss hunn.
KB Käerjeng - HBC Schëffleng 44:28
E Freideg den Owend huet sech Käerjeng géint Schëffleng duerchgesat.
LINK: HB Käerjeng wënnt 44:28 géint HBC Schëffleng
Dammen-Handball
Réiden – Red Boys 8:19
Am Kellerduell ass Réiden op d’Damme vun de Red Boys getraff. Den HC Atert Réiden war virun der Renconter nach ouni Punkt a wollt géint den Zweetleschten déi éischt Punkten asammelen. Dono huet et no der éischter hallwer Stonn awer beim Score vun 3:10 aus der Siicht vum HC net ausgesinn - d'Red Boys waren däitlech vir.
Och am zweeten Duerchgang waren d'Gäscht vun Déifferdeng omnipresent an dominant. Esou konnten d'Gran, d'Silva a Co. an der zweeter Hallschecht fréi fir d'Entscheedung suergen.
HB Diddeleng – Chev Dikrech 27:22
De Virjoresgewënner vun der Coupe vun Diddeleng hat mat Dikrech een direkte Konkurrent op Besuch. Wuel ass den HBD als liichte Favorit an de Match gaangen, ma d’Dammen aus der Brauereistad wollten net fir näischt an de Süden reesen. Deemno konnt ee sech op eng serréiert Partie astellen an déi ass och esou komm. 12:12 no den éischten 30 Minutte war de Score um Tableau.
Den zweeten Duerchgang ass serréiert an animéiert weidergaangen, ier dem Chev géint der Schluss d'Loft e bëssen ausgaangen ass. Um Enn mussen Dikrecher Damme sech mat enger 22:27-Defaite geschloe ginn.
HB Käerjeng – HB Schëffleng 26:18
Um Dribbel ass d’Heemekipp vu Käerjeng als klore Favorit an d’Partie géint Schëffleng gaangen. De Champion vu leschter Saison ass och gutt an de Match gestart a war well an der Paus mat 16:5 vir.
Nom Téi konnte si nach eng Kéier 10 Goler dropsetzen, wat um Enn fir ee 26:18-Erfolleg duergaangen ass.
HB Museldall – HC Standard
E Sonndeg um 16 Auer 45.