Schëfflenger Häre verléiere mat 27:35 géint Diddeleng

Um Samschdeg goufen am Handball zwee Nodrosmatcher am Championnat gespillt. Bei den Dammen iwwerrennt Käerjeng de Standard mat 55:19.
Am Handball-Championnat ass d'Wanterpaus nach net eriwwer. Dovunner gouf profitéiert, fir zwou Partien, déi verluecht gi waren, nozehuelen. Bei den Häre war et fir de Kont vum 8. Spilldag d'Partie tëscht Schëffleng an Diddeleng. Bei den Damme gouf de Match Käerjeng géint de Standard vum 9. Spilldag nogeholl.
Fir den HB Diddeleng gouf et bei den Hären déi erwaarte Victoire zu Schëffleng. An der éischter Hallschent huet ee schonn de Grondsteen fir d'Victoire geluecht an et louch ee mat 20:7 a Féierung. De Virsprong huet een an der zweeter Hallschent net méi hier ginn, sou datt den HBD mat 35:27 zu Schëffleng gewënnt. D'Lokalekipp huet duerch d'Defaite verpasst, fir wichteg Punkten an der Course ëm déi leschte Plaz am Titelplayoff ze sammelen. Mat 4 Punkte steet een op der 7. Plaz. Dikrech huet op der 6. Plaz 6 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Bei den Dammen huet Käerjeng de Standard fir de Kont vum 9. Spilldag iwwerrannt. Si hu mat 55:19 gewonnen. An der Paus stoung et schonn 28:7 fir d'Lokalekipp.