Esch léisst Käerjeng keng Chance
An der zweeter Halschent hunn déi Escher de Käerjenger keng Chance gelooss a gewannen mat 32:27. Och Bierchem, d'Red Boys an Diddeleng sëtzen sech duerch.
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen de 13. Spilldag.
Hären-Handball
HB Käerjeng - HB Esch 27:32 (15:15)
De Spëtzematch huet gehalen wat e versprach huet a béid Ekippen konnten hire Niveau ofruffen. Käerjeng ass allerdéngs vill besser an de Match komm an hat no 20 Minutten e Virsprong vu 6 Goler (12:6) mee dono ass den Escher e Laf gelongen a konnten innerhalb vun 8 Minutten dëse Réckstand ophuelen sou dat se mat engem 15:15 an d'Paus gaange sinn an nees alles op war.
Déi Käerjenger sinn awer guer net gutt aus der Paus komm a si séier a Réckstand geroden. No 40 Minutten louchen déi Escher op eemol mat 21:18 a Féierung. D'Heemekipp huet weider den Uschloss verluer an déi Escher hunn op de Gas gedréckt fir an dësem Match fir eng Virentscheedung ze suergen, wat hinnen och gelongen ass wëll no 50 Minutten louchen se mat 29:20 a Féierung.
HC Bierchem - HBC Schëffleng 43:23 (23:8)
Géint Bierchem hat Schëffleng iwwerhaapt näischt entgéint ze setzen a louch schonn an der Paus mat 15 Goler am Réckstand. An och no der Paus hat sech näischt geännert sou dat Bierchem mat enger Differenz vun 20 Goler géint Schëffleng gewënnt.
HB Diddeleng - HB Péiteng 36:26 (20:12)
Zimlech séier konnt sech Diddeleng e Virsprong vun 3 Goler géint Péiteng erausspillen a konnten dësen an de Minutten virun der Paus weider ausbauen sou dat et mat engem 20:12 an d'Paus gaangen ass.
Och no der Paus huet Diddeleng dëse Virsprong mat hirer ganzer Routine iwwert d'Zäit bruecht a gewënnt ouni Problemer mat 36:26 géint Péiteng.
Red Boys - CHEV Dikrech 25:24 (13:14)
Mat den Dikrecher haten d'Red Boys dann awer iwwerraschend vill Problemer an der éischter Halschent. Se kruten sech ni ofgesat an déi Dikrecher haten sech richteg festgebass. An der Paus louch Dikrech esouguer mat 14:13 a Féierung.
An och no der Paus konnt sech de Favorit vun Déifferdeng net vun den Dikrecher ofsetzen an hunn haart misse kämpfen. Mee dëst hat sech gelount a se konnten mat 25:24 gewannen.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
Red Boys - CHEV Dikrech 15:19 (5:10)
HB Käerjéng - HB Museldall 31:19 (17:10)
HB Diddeleng - HC Réiden 51:5 (26:3)
HC Standard - HBC Schëffleng 22:22 (13:12)