Diddeleng a Käerjeng deelen d'Punkten

© Val Wagner (Archiv)
Bei den Dammen gewannen d'Red Boys géint de Standard an Diddeleng verléiert doheem géint Käerjeng.
Um Samschdeg gouf bei den Hären just 1 Match vum 14. Spilldag gespillt a bei den Dammen waren et der 3 woubäi Réiden huet missen forfait erklären an esou mat 0:15 verluer huet.
Hären-Handball
Diddeleng - Käerjeng 24:24
Et war wéi erwaart e ganz enke Match a keng Ekipp huet där anerer eppes geschenkt. Et waren awer déi Käerjeng déi däitlech besser an de Match fonnt hunn an no ronn 22 Minutten hire gréisste Virsprong vu 7 Goler beim Stand vun 12:5 haten. Dono hunn déi Diddelenger awer e Laf gestart a konnten nees ophuelen. Déi Käerjenger waren elo net méi grad esou staark, sou dat et mat engem 13:12 fir Käerjeng an d'Paus gaangen ass.
No der Paus ass et kenger Ekipp gelongen sech ofzesetzen an et war immens spannend. Bei den Diddelenger huet awer ëmmer e bëssen eppes gefeelt fir de Match komplett ze dréinen. Dëst ass hinnen och bis zum Schluss net gelongen an de Match ass mat engem 24:24 op en Enn gaangen.
Péiteng - HB Esch 31:47
E Freideg den Owend hat Esch schonn zu Péiteng souverän mat 47:31 gewonnen. An der Paus loung ee mat 21:16 a Féierung.
RTL-Artikel: Handball: HB Esch bleift un der Spëtzt am Championnat
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
Dammen-Handball
Red Boys - Standard 26:18
Diddeleng - Käerjeng 18:29

© Gilles Tricca
Réiden - Museldall 0:15 Forfait