BGL LigueRM Hamm Benfica an Dan Santos gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Wort e Méindeg den Owend mellt, trennt den RM Hamm Benfica sech vun hirem Trainer Dan Santos.

De Veräin vum Cents steet aktuell op der 13. Plaz an der BGL Ligue mat nëmmen 9 Punkten aus 15 Matcher. Een desastréise Bilan, deen elo och dozou gefouert huet, dass den Trainer Plaz maache muss. De 37 Joer alen Dan Santos hat den Trainerposten am Juli 2016 iwwerholl.

Nach ass net gewosst, wie säi Successeur soll ginn. Eenzeg ass sécher, dass et eng schwéier Aufgab wäert ginn, den RM Hamm Benfica virum Ofstig ze retten. Dëst ass de 4. Trainerwiessel fir dës Saison an der BGL Ligue. Virdrun hate schonns de Paolo Amodio zu Nidderkuer, den Thomas Klasen op der Fola an de Baltemar Brito zu Péiteng misse goen.

Back to Top
CIM LOGO