Diddeleng klappt an engem ëmkämpfte Match den HB Käerjeng

Esch klappt Dikrech kloer mat 40:24, bei den Damme wannen Käerjeng, Dikrech an Diddeleng.
Am nationalen Handball goung et um Samschdeg ëm den éischte Spilldag vum Titel Playoff. Nodeems sech um Freideg d'Red Boys mat 35:32 géint den HC Bierchem behaapte konnten, stoungen um Samschdeg d'Partien tëscht Käerjeng an Diddeleng esou wéi Esch géint Dikrech um Programm.
RTL-Artikel: D'Red Boys vun Déifferdeng gewanne mat 35:32 géint Bierchem
Hären-Handball
HB Käerjeng - HB Diddeleng 29:30
Am éischte Match vum Titel Playoff hat Käerjeng den HB Diddeleng op Besuch. Hei war et d'Lokalekipp, déi sech no enger ausgeglachener Ufanksphas déi éischt bësse méi däitlech Féierung erausspille konnten, dëst beim Score vu 9:4 no ronn 12 Minutten. Duerno hat sech Diddeleng awer gefaangen, a sou konnte si de Réckstand ëmmer weider verréngeren. Bis zur Paus konnte sech d'Gäscht ëmmer weider erukämpfen wärend bei Käerjeng, bedéngt duerch vill Changementer, kee richtege Spillfloss opkomm war. Bis zur 30 Minutt stoung et soumat och 14:14 gläich.
No der Paus war et eng ganz serréiert Partie, wou sech keng Ekipp ee kloren Avantage erausspille konnt. 10 Minutte viru Schluss stoung et soumat och 24:24. 3 Minutte viru Schluss konnte sech déi Käerjenger dann emol mat 2 Goler ofsetzen, ma déi lescht 3 Punkte vun der Partie ware fir de Kont vun de Gäscht, déi d'Partie soumat a leschter Minutt nach dréine konnten.
HB Esch - CHEV Dikrech 40:24
D'Lokalformatioun vun Esch konnt sech fréi eng kleng Avance erausspillen, a sou konnte si no 10 Minutten eng 3-Punkten-Avance op hirer Säit verzeechnen, dëst beim Stand vun 8:5. An de nächsten 10 Minutte konnt sech Esch dann déi éischte Kéier méi kloer ofsetzen. dëst bis op 15:9. Bis zur Paus konnt Dikrech den Tempo vun den Escher net méi matgoen. Beim Stand vun 20:12 huet et no 30 Minutten kloer no enger Victoire vir d'Heemekipp ausgesinn.
Nom Téi konnt den HB Esch de Match däitlech dominéieren a sou hu si de Match sou wäit wéi méiglech verwalt. Ronn 15 Minutte virum Schluss vun der Partie waren déi Escher da mat 30:17 a Féierung a soumat huet kee méi un enger Victoire vun der Lokalekipp gezweiwelt. Um Enn wënnt den HB Esch kloer mat 40:24 géint de CHEV Dikrech.
All d'Resultater aus dem nationalen Handball
Och an der Relegatioun gouf bei den Hären déi éischte Ronn gespillt:
Schëffleng - Réiden 40:20
Dammen-Handball
HB Käerjeng - HC Standard 42:15
HB Diddeleng - HBC Schëffleng 25:18
CHEV Dikrech - HB Museldall 19:17
Och an der Relegatioun gouf bei den Dammen déi éischte Ronn gespillt:
Esch - Beetebuerg 25:14
Réiden - Miersch 18:8