Internationale FuttballJuve wënnt a feiert de 35. Scudetto

RTL Lëtzebuerg
An der englescher Premier League koum et zum Duell tëscht ManCity an Tottenham. Hei konnten d'Citizens mat 1:0 wannen. Milan spillt just 1:1 gläich.
© afp

Premier League

ManCity - Tottenham 1:0

No de ville Goler an der Woch am Kader vun der Champions League Véierlsfinall ass bei der Explikatioun tëscht Manchester City an Tottenham Hotspurs e Samschdeg just een eenzege Gol gefall. Direkt an der 5. Spillminutt konnt de Phil Foden fir d’Skyblues markéieren.

© afp

Déi restlech 85. Spillminutten ass deemno kee Gol méi gefall. City ass elo neien Tabellen-Leader an der englescher Premier League, dat mat engem Punkt Avance op d’Konkurrenz aus Liverpool. D’Reds spillen e Sonndeg géint Cardiff City.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

EA Guingamp - Olympique de Marseille 1:3

Fréi ass OM an der Auswäertspartie géint Guingamp duerch e Luis Gustavo a Féierung gaangen - dat huet den 1:0 no 4 Minutte bedeit. Fënnef Minutte virun der Paus konnt d’Ekipp aus dem Süde vu Frankräich nach een dropsetzen, dat an der Persoun vum Oscampos.

© afp

Am 2. Duerchgang sinn dunn zwee weider Goler gefall, een op der Säit vum Gaascht an een op der Säit vun der Heemekipp. Den N’Gbakoto konnt den Ofstand fir EA an der 56. Minutt verkierzen, ma de Germain konnt awer an der 1. Minutt vun der Nospillzäit deen ale Score erëm hierstellen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

SD Eibar - Atlético Madrid 0:1

Mat dem 1:0-Succès vum Atlético auswäerts bei Eibar kann d’Ekipp ronderëm de franséische Weltmeeschter Antoine Griezmann déi 2. Plaz an der Tabell vum spuenesche Futtball-Championat behaapten.

Eréischt 5 Minutte viru Schluss ass de Colchoneros den 1:0 duerch den Thomas Lemar gegléckt.

FC Barcelona - Real Sociedad 2:1

Dem Lionel Messi a Co. ass ee weideren Titel-Erfolleg vum spuenesche Futtball-Championnat net méi ze huelen. An der Partie e Samschdeg hunn d’Katalanen doheem misse géint Real Sociedad untrieden an hat an der 1. Hallschecht Krämpes, fir ee Gol ze schéissen. Mat de franséischen Ofwierspiller vum Barca Lenglet konnt seng Faarwen awer nach virum Téi an den Avantage bréngen.

Am 2. Duerchgang huet San Sebastian awer dogéint gehalen a konnt an der 62. Spillminutt a Persoun vum Juanmi ausgläichen. De Jordi Alba konnt awer just 3 Minutte méi spéit deen ale Score erëm hierstellen a soumat eng 2:1-Victoire fir Barcelona kloermaachen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Parma - Milan 1:1

Den AC Mailand koum auswäerts zu Parma net iwwer een 1:1-Remis eraus. Ass d’Ekipp vum Gennaro Gattuso an der 69. Spillminutt duerch den Castillejo mat 1:0 a Féierung gaangen, konnt d’Heemekipp an der 87. duerch de Bruno Alves ausgläichen.

Lazio - Chievo Verona 1:2

Lazio ass virum eegene Public am Stadio Olimpico nëmme schwéier an d’Gäng komm a krut am 1. Duerchgang de Milinkovic-Savic mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. Nom Téi huet Verona een duebele Coupe gepackt, dat an der 49. Spillminutt duerch ee Gol vum Vignato an an der 51. Minutt hat den Hetemaj den 2:0 geschoss.

D’Réimer koumen zwar an der 67. Minutt nach eemol duerch ee Gol vum Caicedo op 1:2 bäi, dréie konnte si de Match awer net.

Juventus - Fiorentina 2:1

D’Ekipp vum Trainer Allegri konnt sech no der 2:1-Victoire iwwer Fiorentina den 8. Scudetto hannerenee sécheren. No dem Aus an der Champions League géint Ajax an der Woch konnte sech d’Turiner mat dem 35. Championstitel an der Veräinsgeschicht an dem 8. hannereneen tréischten.

Och wann d’Juve-Spiller de 37. Titel feieren, ass et de facto eréischt de 35. An deenen zwou Saisonen, wou d’Bianconeri zwangsofsteige missten, krute si zwee Scudettoen ewechgeholl.

D’Goler fir d’Jeventus haten den Alex Sandro an der 37. Spillminutt geschoss an an der 53. war et ee Selbstgol vum Pezzella, deen der Aler Damm gehollef huet. Am 1. Duerchgang war d’Fiorentina nach duerch de Milenkovic an der 6. Minutt a Féierung gaangen.

Inter - Roma 1:1

Am Guiseppe Meazza Stadion zu Mailand ass d’Roma an der 14. Spillminutt duerch den Ex-Milan-Spiller El Shaarawy Féierung gaangen. Mat dësem Resultat huet den italieneschen Arbitter Marco Guida béid Ekippen och fir d’Paus an d’Kabinne geschéckt.

Am 2. Duerchgang war et du weider eng monter Partie an et war d’Heemekipp, déi an der 61. Minutt duerch de Perisic ausgläiche konnt. An der leschter hallwer Stonn vum Match konnt kee méi ee Gol schéissen, soudatt et beim 1:1-Remis blouf.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO