No 0:6- NéierlagStuttgart trennt sech mat Effet immédiat vum Trainer Markus Weinzierl

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg den Owend gouf Stuttgart vum direkte Konkurrent ëm d'Net-Ofstigsplazen mat 6:0 ofgeschoss. Dëst huet elo fir den Trainer Konsequenzen.
© AFP

Wéi de Veräin just e puer Stonnen nom Match géint Augsburg matgedeelt huet, géif ee sech vum Trainer Markus Weinzierl trennen. Op hirer Homepage huet de Veräin matgedeelt, datt een den Trainer vu senge Flichten entbonnen hätt. Den aktuellen U19-Trainer Nico Willig soll den Interim bis un d’Enn vun der Saison iwwerhuelen.

Stuttgart steet aktuell op der 16. an domadder der Relegatiounsplaz. Si hunn e Réckstand vu 6 Punkten op Schalke a just e knappe Virsprong vun 3 Punkten op Nürnberg. Bei de Goldifferenz si se awer däitlech méi schlecht, wéi den FCN. Stuttgart huet donieft aus de leschte 5 Matcher just 2 Punkte geholl, dorënner een géint Nürnberg.

De VfB muss an de leschte 4 Matcher nach géint Mönchengladbach, d’Hertha, Wolfsburg a Schalke untrieden.

RTL.lu: De Resumé vum 30. Spilldag aus der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO