Bob Bertemes verbessert den nationale Rekord op 22,22 Meter

© Ca Bieles
Beim Meeting zu Zéisseng konnt de Bob Bertemes sensationell den nationale Rekord am Bommstoussen ëm 93 Zentimeter verbesseren.
Mat engem sensationellen Optrëtt bei engem Meeting zu Zéisseng konnt de Bob Bertemes säin ale Lëtzebuerger Rekord ëm 93 Zentimeter op elo 22,22 Meter verbesseren. Weltwäit hunn an dësem Joer eréischt 4 Leit méi wäit gestouss. Wärend der Kompetitioun konnt hien de Rekord ganzer dräi Mol verbesseren, dëst well hien d'Bomm och op 21,54 Meter an 21, 85 Meter stousse konnt. D'22,22 Meter waren him am 2. Versuch gelongen.
Donieft konnt de 26 Joer ale Lëtzebuerger och nach säin nationale Rekord am Diskus ëm ganzer 6,33 Meter verbesseren. Deen neie Rekord läit elo bei 59,89 Meter.
-
-
Paul Philipp iwwert déi offensiv Problemer vun der FLF-Selektioun "Den Trainer muss Léisunge fanne mam Grupp, dee momentan do ass" 202015.10.2025