
Mam Xenia Knoll aus der Schwäiz konnt sech d'Lëtzebuergerin an zwee Sätz géint hier Schwäizer Géignerinnen duerchsetzen.
Um Samschdeg stoung beim ITF-Tournoi zu Montreux d'Finall am Dubbel um Programm. D'Lëtzebuerger Nummer 1 stoung hei no der Victoire an der Halleffinall géint d'Marie Benoit an d'Diana Marcinkevica um Terrain.
Am éischte Saz konnt d'Minella sech mat hirer Schwäizer Matspillerin mat 6:3 behaapten, éiert si och den zweete Saz mat 6:4 fir sech entscheede konnten.
Soumat war et um Enn eng 2-Saz-Victoire fir d'Lëtzebuergerin an der Schwäiz.
Am meeschte gelies