E Sonndeg koum de Lëtzebuerger Para-Athlet zu Banyoles a Spuenien a senger Kategorie am Para-Triathlon op déi 8. Plaz.

Dobäi hat de Joe Kurt nach mat senge Blessure vu senger Chute zu Lausanne ze kämpfen, déi dem Lëtzebuerger wärend der Competitioun e Sonndeg d'Liewe schwéier gemaach huet.

Zemools um Lafparcours hat et de Joe Kurt schwéier, soudatt um Enn eng 8. Plaz erausgesprongen ass, d'Course awer Moral ginn huet fir déi ustoend Competitiounen.