Dëst huet den däitsche Futtballer en Dënschdeg de Mëtteg op Twitter matgedeelt.

De fréieren däitsche Futtball-Nationalspiller Bastian Schweinsteiger (35 Joer) zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär. Dat léisst de Weltmeeschter aus dem Joer 2014 op Twitter wëssen.

Säi leschte Match spillt de fréiere Profi vum FC Bayern e Sonndeg fir de Club Chicago Fire an den USA.