
An der drëtter däitscher Bundesliga leeft et fir de Flavio Becca a säin 1. FC Kaiserslautern weiderhin net ronn. Zu Chemnitz gouf et no 2 Goler vum Hosiner an engem Gol vum Bonga eng 3:1-Néierlag, dëst well de Pick nach fir Kaiserslautern markéiere konnt.
Am schwedesche Championnat war de Lars Gerson mat sengem Veräin Norrköping am Asaz. De Lëtzebuerger a seng Co-Equipieren hu sech auswäerts mat 1:0 géint BK Häcken duerchgesat. An der Tabell steet Norrköping nom 29. Spilldag op der 5. Plaz.
An der zweeter Divisioun an der Belsch huet Virton mat 3:2 géint Roeselare gewonnen. Bei Virton stoung den Anthony Moris an der Startformatioun, de Kevin Malget gouf an der 84. Minutt agewiesselt. Den Aurélien Joachim souz op der Bänk. D’Goler bei Virton hunn déi fréier Diddelenger Jordanov (22'), Couturier (41') an de Stelvio (72') geschoss. Virton steet elo op der zweeter Plaz an der Tabell.
An der Ukrain hu sech Dynamo Kiew mam Gerson Rodrigues a Karpaty Lwiw mam Tim Hall an dem Marvin Martins mat 1:1 getrennt. De Rodrigues gouf an der 46. Minutt ausgewiesselt. Den Hall an de Martins stoungen 90 Minutten um Terrain.
An der 1. Russescher Divisioun stoung den Olivier Thill bei Ufa an der Startformatioun, gouf an der 69. Minutt ausgewiesselt a verléiert mat 0:3 géint den Tabelleleschten Tambov. Ufa steet op der 8. Plaz.
An der Bundesliga huet de Laurent Jans d’Partie tëscht Paderborn a Fortuna Düsseldorf vun der Bänk aus misse suivéieren. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller konnt sech allerdéngs iwwert déi éischte Victoire an dëser Saison freeën. Paderborn huet Düsseldorf mat 2:0 geklappt. D’Lokalekipp bleift trotz den 3 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell.
An der 2. Bundesliga hu sech de Karlsruher SC an Hannover mat engem 3:3 getrennt. Den Dirk Carlson koum bei Karlsruhe net an den Asaz.
Gewanne konnt dogéint awer de Jeff Saibene an der 3. däitscher Liga mat Ingolstadt géint Preussen Münster. Nodeems se fréi mat 0:2 am Réckstand louchen, konnte seng Spiller de Match nach dréinen a gewannen mat 3:2.
An an der Ligue 1 huet Lille, d’Ekipp vum President Gérard Lopez, Bordeaux mat 3:0 geklappt.
An de Vahid Selimovic souz bei Apollon Limassol nëmmen op der Bänk. Um Enn gouf et eng 1:2-Defaite géint AEL Limassol.
An der Däitscher Futtball-Bundesliga huet Mainz e Freideg den Owend mat 3:1 géint den 1. FC Köln gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro koum net an den Asaz. Hie souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
An der Ligue 2 a Frankräich huet US Orléans géint Châteauroux 1:1 gläichgespillt. De Vincent Thill stoung bei der Lokalekipp an der Startformatioun an huet beim Gol vum Scheidler d’Virlag gemaach.
Keen Asaz gouf et fir den Enes Mahmoutovic an der 2. Divisioun an Holland. D’Ekipp vum Lëtzebuerger, Maastricht, huet auswäerts mat 0:2 géint Nijmegen de Kierzere gezunn.