U sech sollt d'FLF-Formatioun e Mëttwoch de Moien um kuerz no 10 Auer mat engem Charter-Vol Direktioun Belgrad fléien. Doraus gëtt elo awer näischt...

Fänken d'Schikane fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalequipe, virun der Partie an der Europameeschterschaftsqualifikatioun, vu serbescher Säit, scho virum Depart vun de Roude Léiwen un?

U sech sollt d'FLF-Formatioun e Mëttwoch de Moien um kuerz no 10 Auer mat engem Charter-Vol Direktioun Belgrad fléien. Elo, op eemol, zwee Deeg virdrun, krut déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun awer matgedeelt, datt da bei der geplangter Landung, dat wär géint 12.30 Auer, de Loftraum iwwer Belgrad ze vill voll wär.

D'FLF krut vu serbescher Säit gesot, si misste spéitstens um 8.30 Auer hei zu Lëtzebuerg fortfléien. Domat ginn awer d'Nationalspiller komplett ass hirem programméierten Dagesoflaf gerappt. Doduerch gëtt elo alles ëm zwou Stonnen no vir verréckelt. Dat heescht, am Plaz um 7 Auer opzestoen, mussen d'Rout Léiwen elo schonn um 5 Auer aus de Fiederen. Een Dag virum Match, deen Owes um 20.45 Auer ass, ass dat natierlech alles anescht wéi eng optimal Preparatioun.