EM-QualifikatiounLëtzebuerg kämpft sech zeréck, verléiert awer knapp mat 2:3

RTL Lëtzebuerg
An der 1. Hallschecht war d'Kierpersprooch bei de Lëtzebuerger net gutt, et goung mat engem 0:2 an d'Paus. Nom Téi sinn d'Rout Léiwen awer dunn erwächt.

Viru quasi eidele Gradinen ass Lëtzebuerg en Donneschdeg zu Belgrad ugetrueden. An der 1. Hallschecht huet just eng Ekipp gespillt an dat war déi serbesch Nationalekipp. D’Serben hu vill Schëss ofginn, d’Rout Léiwen hate mat der Dominanz vun der Lokalekipp Krämpes. Et goung mat engem 0:2 an d’Paus.

Highlighten aus der 1. Hallschecht
An den éischte 45 Minutten hat d’FLF-Formatioun net vill ze gutt.

Nom Säitewiessel huet missen eng Äntwert vun de Lëtzebuerger kommen - déi koum och. De Gerson Rodrigues an den Dave Turpel hunn d’Lëtzebuerger am Match gehalen. D’Rout Léiwen hunn den Terrain um Enn awer missen als Verléierer verloossen.

Highlighten aus der 2. Hallschecht
An der 2. Hallschecht hunn d’Rout Léiwen een anert Gesiicht gewisen.

D’Highlighten an d’Goler vun den anere Partië vum Owend fannt Dir hei am Video.

Serbien - Lëtzebuerg / Reportage Franky Hippert

Lëtzebuerg verléiert an der EM-Qualifikatioun mat 2:3
An der 1. Hallschecht war d’Kierpersprooch bei de Lëtzebuerger net gutt, et goung mat engem 0:2 an d’Paus. Nom Téi sinn d’Rout Léiwen awer dunn erwächt.

Spiller an Trainer no 2:3-Néierlag um RTL-Mikro

Reaktiounen nom 2:3 a Serbien
Spiller an Trainer stoungen um RTL-Mikro beim Franky Hippert Ried an Äntwert.

Serbien - Lëtzebuerg 3:2

1:0, 2:0 Mitrovic (11', 43'), 2:1 Rodrigues (54'), 3:1 Radonjic (70'), 3:2 Turpel (75')

Vun der Opstellung hier huet den Nationaltrainer Luc Holtz missen ëmfunktionéieren. Fir de gespaarte Leandro Barreiro huet de Lars Gerson an der Mëtt ugefaangen - dofir ass den Tim Hall an d’Ekipp komm. Och de Chris Philipps ass an déi éischt 11 gerutscht, hat awer ee schwéiere Stand.

Powerplay vun de Serben
D’Ufanksphas goung däitlech un d’Lokalekipp. D’Serben hu vun Ufank un Drock op d’Lëtzebuerger Ofwier gemaach a koumen esou geféierlech virun dem Anthony Moris säi Gol. No 10 Minutten hat Serbien déi bis dohi gréisste Golgeleeënheet, de Lëtzebuerger Kipper konnt awer paréieren.

1:0 an der 11. Minutt
En houng an der Luucht an an der 11. Minutt ass e gefall: den 1:0 fir d’Serben. D’Lëtzebuerger stoungen ze wäit vum Géigespiller ewech an dat hu si mat engem Géigegol bor bezuelt. Bei enger Flank vum Dusan Tadic stoung den Aleksander Mitrovic ganz eleng, fir seng Faarwe mat 1:0 a Féierung ze käppen. Och am weidere Verlaf war Serbien dominant, bei Lëtzebuerg huet d’Kierpersprooch net gestëmmt.

Den 1:0 fir Serbien duerch de Mitrovic
De serbesche Stiermer stoung bei enger Flank goldrichteg an huet op 1:0 gekäppt.

Laten-Hummer vum Oli Thill, Äntwert vum Mitrovic virum Téi
D’Lëtzebuerger hu sech misse rëselen. No 22 Minutte war et den Olivier Thill, deen déi 1. gutt Aktioun vun de Roude Léiwe hat. De Profi vun Ufa huet sech aus 20 Meter een Häerz geholl an dat ronnt Lieder un de Potto gesat. Ee Wierkungstreffer war dat awer net. De Mitrovic huet kuerz virun der Paus mat engem secke Schoss de Ball an den ieweschte Wénkel gesat - ee Bijou vun engem Gol!

Den 2:0 fir Serbien duerch de Mitrovic
De serbesche Stiermer gëtt net gestéiert a setzt dat ronnt Lieder an de Wénkel.

Reaktioun vun der FLF-Selektioun am 2. Duerchgang
Fir déi zweet 45 Minutten huet den Aldin Skenderovic de Chris Philipps ersat. Insgesamt ass Lëtzebuerg an den Ufanksminutte vun der 2. Hallschecht méi present an den Dueller opgetrueden, ma fir geféierlech Aktioune virum serbesche Gol ass et awer nach net duergaangen.

Gerson Rodrigues verkierzt
Keng 10 Minutte waren an der 2. Hallschecht gespillt, wéi de Vincent Thill den Dirk Carlsson op der lénkser Säit lancéiert huet, de Profi vum KSC erageflankt huet, wou de Gerson Rodrigues stoung. De Lëtzebuerger Dribbling-Expert huet an der Box net laang gezéckt, sech gedréint an de Ball am Filet ënnerbruecht.

Den 1:2 fir Lëtzebuerg duerch de Rodrigues
De Gerson Rodrigues gouf gutt vum Dirk Carlsson zerwéiert an netzt an.

Weidere Gol fir d’Serben aus der Distanz
Dee leschten Drëttel vun der Partie gouf mat engem weidere Schoss aus der Distanz agelaut. Déi Kéier war et den agewiesselten Nemanja Radonjic, dee seng Tentative am Netz vun de Lëtzebuerger ënnerbrénge konnt. Och bei dësem Schoss war näischt fir de Lëtzebuerger Kipper ze maachen.

Den 3:1 fir Serbien duerch de Radonjic
Ee weidere Schoss aus der Distanz ass am Lëtzebuerger Gol gelant.

2:3 duerch den Dave Turpel
Och wa Lëtzebuerg déi 1. Hallschecht verschlof huet, hunn d’Rout Léiwen an der 2. gekämpft. Esou hu si sech duerch ee Gol vum agewiesselten Dave Turpel mam 2:3 belount. De Stiermer vu Virton gouf vum ganz gudde Maurice Deville zerwéiert a konnt de Ball erakäppen.

Den 2:3 fir Lëtzebuerg duerch den Turpel
Den agewiesselten Dave Turpel konnt 15 Minutte viru Schluss den 2:3 käppen.

Schlussminutten
An de leschte Minutte vun der Partie goung et hin an hier. Béid Ekippe wollten nach eng Kéier markéieren: d’Serben wollten de Match endgülteg entscheeden a Lëtzebuerg hat den 3:3 an der Nues. Um Enn blouf et awer beim 2:3 aus der Siicht vun de Lëtzebuerger. D’Rout Léiwen hunn no enger schwaacher 1. Hallschecht an der 2. Charakter gewisen.

E Sonndeg geet et fir Lëtzebuerg am Stade Josy Barthel géint Portugal weider. Vu 15.00 Auer u kënnt Dir de leschte Match an der EM-Qualifikatioun um 2. RTL op der Tëlee, um Radio an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO