De 7. Dezember koum et nom Coupe-des-Princes-Match am Futtball bei de Junioren tëscht Ettelbréck an Déifferdeng zu Kläppereien.

An enger éischter Phas hat et vun Ettelbrécker Säit geheescht, datt Déifferdenger Spiller op déi vun der Etzella duergaange wieren. En Donneschdeg de Mëtteg koum elo eng Reaktioun vun Déifferdeng.

Interview mam Guy Altmeisch vum FCD03 / Rep. Rich Simon

Am Schreiwes heescht et, datt déi éischte Provokatioune vun Ettelbrécker Spiller ausgaange wieren an doropshin déi Déifferdenger deenen Ettelbrécker nogelaf wieren.

Den Déifferdenger Veräi wëll alles drusetzen, fir der Justiz an och der FLF ze hëllefen, fir datt de Fall opgekläert gëtt.

Och vun der Presidentin vun der Luna Uewerkuer, déi eng Entente mat Déifferdeng hunn, koum eng Reaktioun. Si entschëllegt sech bei de Spiller, hire Famillen an all den anere Persounen, déi hei aggresséiert sinn.

Eng Reaktioun vum President vun der Jugendkommissioun vum FCD03 Guy Altmeisch héiert Dir en Donneschdeg den Owend am Journal op RTL Radio Lëtzebuerg. 

Prise de position du FC Luna Oberkorn

Suite aux événements qui se sont déroulés lors du match de la Coupe du Prince Etzella Ettelbruck-Entente FC Differdange 03 / Luna ,nous tenons tout d'abord à nous excuser formellement auprès des joueurs ,leurs familles et toutes les autres personnes aggressées par des individus qui pourraient faire partie de notre club.

Nous condamnons fortement tout acte de violence ou comportements aggressifs car cela va à l'encontre de l'éthique et le fair-play dans le sport en général.

Il en va de soi que les mesures nécessaires seront prises au sein de notre club pour bannir de tels actes qui n'ont rien à faire dans le monde du sport.

Si des joueurs licenciés auprès du FC Luna Oberkorn sont impliqués dans cette affaire,ceux-ci auront à subir la conséquences de leurs actes au sein de notre club.

Nous sommes en train de faire le nécessaire afin que cette affaire soit clarifiée